Déijéineg, déi der Meenung waren, dass den Hype ëm d'Smartphone-Spill längst eriwwer wier, hu sech geiert.

En Donneschdeg hu sech zu Taipeh zéngdausende Mënschen an engem Park getraff, dee sech bannent kierzter Zäit an eng Safari-Zon verwandelt huet, fir op d'Juegd no virtuelle Figuren ze goen.

Iwwert eng hallef Millioun Visiteure gi beim Evenement erwaart, dat sech iwwert en Zäitraum vu 4 Deeg zitt. Eng eenzegaarteg Geleeënheet fir d'Fan-Communautéit, well speziell Pokémon just an Taiwan kënnen agefaange ginn.

Zanter 2016 huet Pokémon-Go d'Spiller animéiert, fir méi Zäit an der "realer Welt" ze verbréngen an op d'Sich no verstoppte Figuren ze goen. Dës kënne gesammelt a fir Kämpf trainéiert ginn.

En ähnlech Event war zejoert zu Tainan, bei deem net manner wéi 500.000 Mënschen op der Plaze mat dobäi waren.