Fir d'Spill PES2020 ass en neien Update erauskomm an deen dierft virun allem d'Lëtzebuerger Futtball-Frënn freeën.

Do ass et nämlech elo méiglech, fir Matcher mat der Lëtzebuerger Nationalekipp ze spillen. Souwuel, d'Nimm, d'Trikoten, wéi och d'Wappe sinn original.