Fir de Ciscinho ass d'Spill definitiv besser wei d’lescht Joer. Ma dëst ass no engem schlechte FIFA19 och net schwéier gewiescht.

D'Review vum Ciscinho:

Dëst Joer, ginn et awer och nach e puer Punkten, déi net an der Rei sinn. Zum Beispill hätt een op Offline-Events ëmmer de Problem (scho beim FIFA19), dass wann een déi selwecht Equippen hat (beispillsweis Frankräich géint Frankräich), et ee Glitch gouf, dass den Verdeedeger vum Spiller deen auswäerts gespillt huet, ëmmer mat no fir gaangen ass, hien war ni op senger Plaz. Si hunn et anscheinend eréischt lescht Woch gepatcht, mä de Ciscinho selwer huet et nach net getest.

Dann ass elo eng „Meta“ op Ultimate Team, déi all d'Spiller als Taktik "drop back" (fréier „park the bus“ genannt) benotzen, dat heescht dass si mat den 11 Spiller hannen bleiwen a passive verdeedegen. Resultat: Op dem 1. kompetitiven Event war et langweileg nozekucken oder souguer wärend de FUTChampions-Matcher gouf et Spiller déi 70% Ballbesëtz haten a kee Schoss op de Gol goung. De Pressing ass also och guer net gutt gemaach, well et kann een de Ball einfach ze laang halen.

Verdeedegen ass e bëssen besser ginn, well et méi manuell ass, mä wéinst deem "drop back" ass et wei d'lescht Joer, dass een einfach den CPU verdeedege léist.
Virdeeler:

+ verdeedegen ass besser (mä fir de Moment wéinst dem "drop back", nëtzt et näischt)
+ et kann ee gutt op Ballbesëtz spillen (fir de Moment ass et awer ze extrem)

Nodeeler:

- „drop back meta“
- Goalkeeper net gutt genuch
- Spill vill ze lues op offline Events
- nach ëmmer ze vill „onerwaarte“ Saachen, déi wärend den Matcher geschéien 
- de gréissten Problem dëst Joer: EA Servere si ganz schwaach, et ass heiansdo een laangen Delay, géint deen ee näischt maache kann

Also fält dem Ciscinho säi Fazit bëssen negativ aus. Dëse FIFA huet awer vill Potenzial, fir e ganz gudde FIFA ze ginn, mä wéinst de Serveren an elo grad mat der "drop back" meta, ass et wierklech langweileg, ze spillen a schwéier sech z'amuséieren. Et ass schonn e bësse besser wei op FIFA 19, mä et ass nach ëmmer net genau sou wei et soll.

Review vum Eric vun 11F:

"Ech muss éierlech soen, dass fir mech net all ze vill geännert huet wann ech mat FIFA 19 vergläichen.
Puer kleng Ännerungen am Ultimate Team, nei Cut-Scenes an der Karriär an de VOLTA-Modus sinn dobäi komm. Ech muss soen, dass de Volta-Modus mech bëssen enttäuscht. Et kann een net wierklech mat de fréiere FIFA Street Deeler vergläichen. De VOLTA-Modus ass menger Meenung no awer eréischt an de Startlächer, sou dass do awer nach hoffentlech vill nei Features an den nächsten Deeler dobäi kommen. Wat mech stéiert, ass, dass EA net d'Potenzial vum Pro Club Modus erkennt. Et ginn Tonne Méiglechkeeten, wéi een de Modus kann verbesseren: Eegene Stadion bauen, eege Sponsoren op den Trikoten, een Trainingszenter fir seng „Pro’s“ ze testen & nei Taktiken anzeüben, wann ee mat 11 Mann spillt, an sou weider.

Wann ech de Gameplay vu PES 2020 a FIFA 20 vergläichen, ass fir mech kloer, dass PES kloer besser ass. Allerdéngs ass hire Problem mat de Lizenzen nach ëmmer zimlech grouss, do huet FIFA d’Nues scho jorelaang kloer fir.

Ech si gespaant wat EA mat FIFA op den Next-Gen Konsole mécht, si mussen sech an allen Beräicher kloer steigeren."