Ween dovunner dreemt, mam Porsche 911 Carrera oder mat engem Ford Mustang duerch eng Abberzuel u Rennstrecken ze fueren, fir deen ass GRID dat Richtegt.

Dat bekannte Spill aus dem Haus "Codemasters" liwwert mat der neister GRID-Versioun aktuell 60 lizenzéiert Original-Autoen a schéckt d'Gamer op eng ganz Partie u richtegen awer och fiktive Strecke ronderëm d'Welt. D'Spill huet bis ewell richteg iwwerzeegt a krut op der Gamescom dëst Joer den Titel vum beschte Rennspill.

GRID - Reportage David Winter

Punkto Grafik kann d'Spill och dës Kéier nees wierklech iwwerzeegen... Dës ass esou detailléiert, dass ee souguer Schréipsen a Bëlsen op den Autoe gesäit, dat wéinst engem realistesche Modell fir de Schued un de Gefierer duerzestellen. Awer keng Suerg, GRID ass keng knallhaart Rennsimulatioun.

Maacht bei eisem Gewënnspill mat a gewannt eemol "GRID" fir d'Playstation 4!

Gefuer gëtt eleng oder am Multiplayer-Mode mat wéi gesot 60 original nogebaute Rennautoen, heizou ziele Porsche, Ford, Nissan oder Ferrari. 80 Strecke bidden dem Spiller eng riseg Auswiel.

Ënnerstëtzt ginn d'Spiller iwwregens vun engem ki-gestéierten Teamfuerer, deem een Uweisunge ka ginn. Wann een ze radikal a brutal fiert, kann een sech och Feinde maachen.