Briet- a Videospiller stoungen dëse Weekend bei der Lëtzebuerger Foire "Game on" am Virdergrond.

Op zwou verschiddenen Etagë gouf äifreg gespillt. Jonker a manner Jonker haten dobäi hire Spaass.

Video- a Brietspiller sinn zwou verschidde Welten. Den Organisateure vun der Foire "Game on" geet et drëms, fir béid Zorte vu Spiller méi no zesummen ze bréngen.

Eng 1.400 nei Brietspiller komme Joer fir Joer op de Marché. Déi aus Holz leien den Ament am Trend, sou déi Responsabel vun der Foire.

D'Zilgrupp bei de Videospiller géif bei 16 Plus leien. Gespillt gi souwuel nei ewéi och retro Spiller.