11F Gaming organiséiert fir déi éischte Kéier e Livestream, fir esou en Don fir "Médecins Sans Frontières" ze sammelen.

Vum 20. Dezember um 18 Auer un, bis den 22. Dezember um 20 Auer leeft wärend ganzer 50 Stonnen de Livestream ouni Ënnerbriechung. Gestreamt gëtt an de Raimlechkeete vum "Cest", dem Cercle des Étudiants de la FSTC um Belval. D'Entrée fir Visiteuren ass hei iwwregens gratis.

Wärend dem Livestream gëtt natierlech zerguttstert gezockt, ma och Diskussiounen oder aner Aktivitéiten ëm de Gaming an d'Popkultur wäerten hei ze gesi sinn. Mat dobäi sinn ënnert anerem 11F Gaming, de CEST, Royal Family Esports, PN DiogoSantos26 & Ciscinho, De Fette Petz um Netz & Maic Orlofski, Zocke mat Häerz, Tetris Lëtzebuerg, Videogames.lu, Zenpies, SweetSpot Asbl, iHëlef a Luxemburg Rift Tournaments.

Als Inspiratioun fir dësen Event kann een aner auslännesch Charity-Aktiounen am Kontext vum Gaming, wéi Le Zevent (FR) oder AGDQ (USA) nennen. D'Beträg déi hei gesammelt goufen, gi labber an d'Milliounen eran.

Um Programm stinn Turnéieren am Fortnite, Clash Royale, Super Smash Bros Ultimate, Fifa 20 a vill aner Spiller, bei deenen een och ka matmaachen. Allerdéngs kann een natierlech och d'Streamere live iwwer Stream suivéieren. Niewent Spiller stinn och Podcasten um Programm, déi sech ënnert anerem mat Cosplay, Star Wars, Workshoppen oder Karaoke dréinen. Méi Detailer ginn et op Facebook an Instagram vun 11F Game an op www.11F.lu.

Déi 50 Stonne Livestream gi live op Twitch iwwerdroen, deen da vun de Spectateure ka gekuckt a kommentéiert ginn. Wärend deene 50 Stonne kann een dann natierlech Geld spende fir de gudden Zweck.