De Nuno, bekannt ënnert sengem Numm LXB_MaTa, huet nees säin Talent bei Fortnite gewisen.

Um "Winter Royale Europa Turnéier" vu Fortnite konnt sech e Lëtzebuerger Gamer zesummen am Team mat engem franséische Matspiller duerchsetzen an esou e Präisgeld vu 9000$ astiechen.

Riets geet vum LXB_MaTa, dee schonn an der Vergaangenheet duerch seng gutt Leeschtunge bei Fortnite op sech opmierksam gemaach huet.

Zesumme mat sengem franséischen Duo-Partner NotDaZz konnten d'Jongen zum Schluss d'Victoire fir sech entscheeden.