No 50 Stonne Marathon si bei der 1. Editioun vun den "11F Charity Days" bal 6000€ zesumme komm. D'Mëschung tëscht Videospiller a Benevolat klappt och hei.

Vun e Freideg bis e Sonndeg huet sech d'Lëtzebuerger Gaming- Community zesummegedoen a probéiert mat engem Livestream-Marathon esou vill wéi méiglech Done wéi méiglech zesummenzekréien. Um Programm stounge Fortnite, FIFA, League of Legends, Retro-Spiller, Karaoke, Just Dance a vill aner Spiller.

Ënnert anerem goufen et och Workshoppen an Diskussiounsronnen. Iwwerdroe gouf den Event live an der Student-Lounge vum CEST, dat iwwert d'Streamingplattform Twitch.

Um Enn konnte 5.772€ gesammelt ginn, en top Resultat fir eng éischten Editioun zu Lëtzebuerg an e Grondstee fir dat nächst Joer, also 2020, nach méi fir MSF ze sammelen an ze spenden. Déi ganz Ekipp vun 11F Gaming wëll dann och all de Leit déi gespent hunn an awer och all de Leit déi beim Event matgehollef hunn, Merci soen.

Hei den offizielle Communiqué vun 11F Gaming

RECAP – 11F Charity Days

11F Charity Days, un marathon caritatif de 48h LIVE autour du jeu-vidéo et de la culture geek.

Ce weekend, toute la communauté Geek / Gaming Luxembourgeoise s’est réunie de vendredi à dimanche dans le but de récolter un maximum de dons. Un programme riche et varié a été proposé sur 48h non-stop (Fortnite, FIFA, League Of Legends, Retro Gaming, Karaoke, Just Dance et bien plus encore…) en direct sur la fameuse plateforme « Twitch ». Cette action a été accueillie par le CEST (Cercle des étudiants / Uni.lu) dans leur student lounge (Belval).

Tout l’équipe remercie tous les donateurs, intervenants et partenaires qui nous ont permis d’atteindre une somme extraordinaire de près de 6.000€, (exactement 5.772€) entièrement reversée à MSF – Médecins sans frontières Luxembourg.

Une mention spéciale à nos trois partenaires de l’évènement : BIL, ACL & Roosevelt & Partners qui ont fait un don de 1.000€ chacun pour soutenir la cause. MERCI

Au final, nous sommes fiers de voir la communauté Gaming / Geek se rassembler autour d’une action à caractère caritatif et espérons de tout cœur pouvoir réitérer l’action en 2020 en ayant pour objectif de récolter encore plus de dons J

Merci à tout le monde

À bientôt