D'Joer geet sou lues awer sécher dem Enn entgéint, dohier lount et sech emol ze kucken, wéi eng Videospiller 2019 d'Konsolen a PCen dominéiert hunn.

Nummer 10: Anthem

Den MMORPG vun EA ass am Februar erauskomm an huet sech bis haut ronn 7,3 Millioune verkaaft.

Nummer 9: Star Wars Jedi: Fallen Order

© youtube

Obwuel et nach keng offiziell Zuele ginn, d'Spill koum nämlech eréischt virun engem Mount eraus, ass et elo schonn dat meescht-verkaafte Star Wars Spill dat jeemools erauskomm ass.

Nummer 8: Super Smash Bros.

De Kampf-Hit vu Nintendo huet sech zënter deem d'Spill eraus ass gutt 12,8 Millioune mol verkaaft. Virun allem déi grouss an trei Fan-Base huet d'Verkeeft esou eropgedriwwen.

Nummer 7: Tom Clancy's: The Division 2

Nom Succès vum éischten Deel, konnt och den 2. Deel direkt vum Launch un richteg ofrappen an u säi Virgänger uknäppen an huet och 2019 eng Partie Präisser konnten ofraumen.

Nummer 6: Kingdom Hearts 3

Eent vun de meeschterwaartene Spiller aus dem Joer 2019. D'Fans hunn 13 Joer missten op en 3. Deel waarden, wéi en dunn erauskomm ass, sinn d'Verkeef natierlech an d'Luucht geschoss.

Square Enix huet op alle Fall a Saache Verkafsstrategie hei alles richteg gemaach.

Nummer 5: Mortal Kombat 11

© flickr

Zënter 1992 ginn d'Leit mam Kampfspill Mortal Kombat scho verwinnt, ma d'Spill kann, wéi den 11. Deel beweist, ëmmer nach massiv ofraumen. Virun allem de gudde Kampfsystem an déi brutal Cutscenes maachen dëst Spill elo schonn zu engem Klassiker.

Nummer 4: Borderlands 3

Och wann d'Spill vu Gearbox deelweis kritiséiert gëtt, fir net besonnesch kreativ an innovativ ze sinn, sinn d'Fans vun der Serie awer zefridden. D'Zuele schwätze fir sech, d'Spill gouf Millioune mol schonn dëst Joer verkaaft.

Nummer 3: Madden NFL 20

Op der Plaz 2 kënnt dann wéi erwaart dat éischt Sportspill, nämlech Madden 20, e Spill, dat an Europa manner gespillt gëtt, dofir awer ëm sou méi an den USA. Zënter 20 Joer ass Madden déi absolut Referenz fir d'NFL op d'Konsol ze bréngen.

Nummer 2: NBA 2K20

© youtube

Änlech wéi Madden 20, ass NBA 2K20 de Pendant dovunner, awer an der NBA. Wien eppes op sech hält a wierklech wëll d'NBA op sengem Ecran erliewen, dee kënnt wuel oder iwwel net laanscht d'2k-Serie.

Nummer 1: Call of Duty: Modern Warfare 2019

Am August koum de weltbekannte Shooter eraus, also e Remaster wuel verstanen. Zënter hier huet sech d'Spill iwwer 1 Milliard mol verkaaft, also eng 1 mat 9 Nullen. Do kann 2019 kee Spill mathalen, sou dass de neie Modern Warfare verdéngt op der 1 ass.