D'Ekippe bei Outplay Esports hu sech dann och elo mol de Kompetitioune vun der "POST eSports League" ugepasst. De Grënner Max de Ridder am RTL-Interview.

Knapp 12 Joer ass de Max de Ridder elo schonn zu Lëtzebuerg am Esport aktiv an domadder hat de Grënner vun Outplay Esports extrem vill Zäit fir Erfarungen am Beräich ze sammelen. Dëst Erfarung kann hien nämlech elo senge Spiller aus de verschiddenen Ekippe mat op de Wee ginn. Selwer, esou de Max am RTL-Interview, wollt hie fir de Start vun der Saison awer net méi als Spiller untrieden, dëst war seng eegen Decisioun.

Ma zu deem Moment ass dann och d'Iddi entstanen, fir en eegent Team ze grënnen, eng Entscheedung, déi och elo, mat der Zäit déi dem Max zur Verfügung steet, realistesch ginn ass. Et hätt een sech zesummegesat an Ufank der Woch ass een dunn endlech mat "Outplay Esports" online gaangen an huet sech dem Public presentéiert.

Punkto Games déi elo mol an Ugrëff geholl gi sinn an och d'Teams déi dofir op d'Been gestallt gi sinn, huet ee kloer Virstellunge bei Outplay Esports: "Mir hunn decidéiert, déi éischt Saison mat den Disziplinnen ze goen, déi eis d'PEL (POST eSports League) och ubitt, dat heescht FIFA20, League of Legends an natierlech Clash Royale. Mir sinn och dovun iwwerzeegt, dass mer an deenen 3 Kompetitiounen, déi praktesch bescht méiglech Rosteren zesumme gestallt ze hunn."

Et ginn dann awer och scho Pläng, fir d'Unzuel u Spiller bei Outplay Esports ze vergréisseren, sou de Max de Ridder: "Vu dass mir als Ziel hunn, eisen Numm als éischt national op den Troun ze bréngen an dono och international, musse mer Ekipp egal wéi emol vergréisseren. Vir de Moment sti mer awer gutt do a freeën eis, wann mer eis Spiller endlech ënnert eise Faarwen untriede gesinn. Mir freeën eis natierlech iwwert all méigleche Support an invitéieren och jidderee gären eis op eise Social Media-Säiten ze followen an eisem Discord-Server bäizetrieden, vir sech auszetauschen an ze kommunizéieren.

Hei dann déi verschidde Links, fir Outplay Esports och op de sozialen Netzwierker z'erreechen: