11F an Orange bidden déi nächst 2 Weekender e grousst Fortnite-Turnéier un, dat ee ganz einfach vun doheem aus spille kann.

E Sonnden den 3. Mee start d'Turnéier „Fortnite - Stay Home Cup powered by Orange” um 14 Auer mat der Qualifikatioun, wou all Team jeeweils souvill Punkte sammele soll wéi méiglech, dat innerhalb vu 6 Ronnen. Déi beschten 20 Spiller um PC an d'Top 40 Konsole-Spiller dierfen dann de Sonnden drop, also den 10. Mee, d'Final bestreiden.

Den Undrang war massiv, esou de Samuel Jans, aka Jansuel, deen zënter iwwert engem Joer bei 11F als Benevol fir d'Kategorie "Battle Royale" (Apex, Fortnite an elo ganz nei Warzone) täteg ass: "256 Duo Equippen hu sech ageschriwwen, sou dass mir 512 registréiert Spiller fir dëse Cup hunn. En Turnéier an dëser Gréisstenuerdnung gouf et bis ewell nach net hei zu Lëtzebuerg."




Et gouf sech dann och dozou entscheet, fir an Duo-Ekippenn ze spillen: "Nom Fortnite Solo-Turnéier op der LGX 2019 war d'Demande vun der Community ganz grouss, fir en Duo-Turnéier ze spillen. Wou dunn Orange op eis zoukomm ass viru puer Wochen, hunn ma d’Geleeënheet genotzt an hunn elo der Community en Turnéier am Duo-Format ugebueden."

D'Format wier esou beléift bei de Spiller, well et ganz kloer eng ganz aner Strategie verlaangt, wei wann een eleng géif spillen, esou de Samuel weider: "Teamplay ass hei extrem wichteg an och de Faktor, dass een z.B. kann säi Co-Equipier rëm zréck an de Mätsch huelen, nodeems ee gestuerwen ass, verännert Villes um Niveau vun der Strategie, Virbereedung a Spillweis."




D'Umeldunge waren iwwregens gratis, ma déi beschte Spiller sollen awer net mat eidelen Täsche fortgoen, sou dass et och eppes ze gewanne gëtt. 
Am Prizepool leien am Ganzen 800€, déi bescht 3 Placéierunge pro Plattform, also PC a Konsol, ginn ausbezuelt.

D'Turnéier gëtt dann och aus 2 Grënn net gestreamt, erkläert nach de Samuel Jans vun 11F: "Éischtens muss eise Staff fir dëst Turnéier och alles vun doheem aus  preparéieren a beaarbechten, statt wie soss et zesumme vum 11F-Studio propper streamen ze kennen. Zweetens erlaabt deen „Arena-Modus“, an deem Spiller untrieden, et net méi wei 1 Minutt engem nozekucken, nodeems een eliminéiert gouf. Aus kompetitiven a Fairplay-Grënn, ass dat vun Epic-Games sou gewollt an do sinn eis leider d’Hänn gebonnen, mä aus der Sicht vun engem Esportler mécht dat awer absolut Sënn."

Weider Infoe ginn et hei, respektiv op der offizieller Homepage vun 11F Gaming.