Déi 5. Woch vun der Lëtzebuerger eSports League gehéiert wuel zu de passionéiertsten a meescht-ëmkämpfte Wochen zënter dem Ufank vun der Saison.

League of Legens

"Corona Difference" gewënnt 2:0 géint "Knëppel Club", déi elo op déi 5. Plaz falen. "Corona Difference", eng Ekipp, déi sech eréischt kuerz virun de Qualifikatiounen forméiert huet, klammen elo op déi 2. Plaz.

Ma och d'Ekipp "BrotherHood of the Red Lion" steet op der 2. Plaz elo, dat nodeems de Match géint "Outplay" 1:1 ausgaangen ass. "Outplay" selwer huet jo zënter Ufank der Saison kee Match verluer, ma mat dësem 1:1 huet d'Ekipp awer trotzdeem bewisen, dass se trotzdeem ze schloe sinn.

"Team Slick" dann gewënnt géint "Dat Aanert Team" a profitéiert vun der Defaite vu "Knëppel Club" fir op déi 4. Plaz ze klammen. Mat 3 Victoiren hannerteneen, ginn d'Chancen an de Playoffs zum Schluss vun der Saison méi grouss.

"Team Kaio" dann huet wéinst interne Grënn d'Competitioun missten ophalen, sou dass all Ekipp 2 Punkten automatesch kréien, dat retroaktiv." Team Slick" wier domadder sécher qualifizéiert fir d'Playoffs, "Knëppel Club" bräicht just nach 1 Punkt. De Kampf ëm eng Plaz an de Finalle wäert sech also tëscht "North Bronze Side" an "Dat Aanert Team" ofspillen.

"Corona Difference" wäert géint "OutPlay" spillen, hei geet ët ëm déi 1. Plaz vun der Saison, eng Plaz, déi dann och wichteg dono ass an de Playoffs. Ma wierklech spannend gëtt et awer wéi gesot bei der Konfrontatioun tësch "Dat Aanert Team" a "Knëppel Club", déi wuertwiertlech ëm hir Saion spille wäerten. Dëse Match ass dann och essentiell fir "North Bronze Side", well d'Resultat hei wichteg ass fir eng eventuell Plaz an de Playoffs. Et bleift also spannend.

© POST eSports League

Hei de komplette Klassement!

FIFA 20 (Ultimate Team)

An dëser Woch sinn hei praktesch alleguerten déi iewescht Ekippen openee getraff, sou dass et hei virun allem ëm déi éischt Plaze gaangen ass.   Den xFabinho vun Outplay gewënnt 2:0 géint de Shadoow vum Standard Léck ma verléiert awer géint de Ciscinho vun Outplay, dat mat 1:2. De Ciscinho wënnt dann och 2:1 géint de Fuoriclasse. De Fuoriclasse kann sech awer mat enger 2:1 Victoire géint den Ivanilson nees rappen. De xFabinho, de Shadoow an de Fuoriclasse kënnen hir Woch op alle Fall mat 24 Punkten um Kont op en Enn bréngen. Op der éischter Plaz am Klassement steet awer den LxBFifa, a léisst den XFabinho hannert sech.

Ma och e weidere bekannte Lëtzebuerger Spiller, den Diogo Santos vum F.C. Progrès Nidderkuer ass am Moment an enger gudder Form a klëmmt de Moment weider am Klassement, an ass elo op der 7. Plaz.

Eng wichteg Parti wäerte sécher déi tëscht dem Ciscinho vun OutPlay an dem AbdouBrown vum Team Kaio ginn. Ma och d'Nummer 1 am Klassement, den LxBFifa wäert alles maachen, fir seng Plaz am Klassement ze halen.

© POST eSports League

© POST eSports League

Hei de komplette Klassement!

Clash Royale

Souwuel den Tortel wéi och de Shy Guy konnte mat 3 Victoiren a kenger Defaite sech extrem gutt an dëser Woch duerchsetzen.  De Shy Guy wënnt géint de Magic, deen am Moment 2. am Klassement ass, den Tortel wënnt géint de Krypto a brécht deem seng Serie u Victoiren. Och de Lord Luka an de Blacks vun der Royal Family verléieren all Kéiers just ee Match, sou dass d'Ekipp am Ganzen 10 Victoiren op sengem Kont huet.  De BlackPearl vun Enemity Esport steet  aktuell dann op der 1. Plaz am Klassement.  Ma och hei dierft de Kampf ëm Plazen an de Playoffs spannend bleiwen. Fir Gibona, Mahdil vun DuXedom, Aubx, Stuflils, HerrBeniLP, TheBeast, Lourenco a souguer HerrBanana a Lara sinn nach Plazen dran.

Nächst Woch wäert de Fokus dann um Match tëscht dem Magic an dem Coolio leien.

© POST eSports League

© POST eSports League

© POST eSports League

© POST eSports League

© POST eSports League

Hei de komplette Klassement!

Déi bescht Spiller aus all Liga (5. Woch gëtt nach net consideréiert)

© POST eSports League

© POST eSports League

© POST eSports League