Zënter gutt annerhallwer Woch teste mir elo schonn The Last of Us 2 an et muss een alt nees soen, dass Naughty Dog hei en absolut Briet presentéiert.

Wie sech net wëll spoilere loossen an d'Erfarung selwer erliewe wëll, fir deen ass et definitiv besser dës kuerz Review nach net ze liesen!

Vir ewech, mat de Last of Us II presentéiert Naughty Dog eis nees e Spill, dat definitiv Kandidat fir d'Spill vum Joer ass. Ma et ass awer och en Titel, deen definitiv d'Ofgrënn vum Mënsch, Revanche an Haass thematiséiert. Cinematographesch gesinn ass "The Last of Us II" nees en absolutte Genoss, et kënnt engem definitiv fir, wéi wann ee sech an engem Blockbuster Thriller befanne géif.

D'nächst Woch wäerte mir hei um Site e detailléierte Bericht publizéieren, virun allem well vill Contenuë Spoilere sinn an d'Erfarung vum Spille fir d'Gamer net soll zerstéiert ginn.

Am Spill, dat ass séier kloer, besteet net vill Hoffnung op eng besser Mënschheet an Zäiten, an deenen d'Mënsche nach ëmmer vu geféierleche Spore befall sinn, déi se zu Zombien ouni Liewen a Gefiller mutéiere léisst. Do eppes dogéint ze maachen, schéngt hoffnungslos. Dem Ellie geet et an dësem Deel och net méi drëms d'Welt ze retten, respektiv Hoffnung ze kréien, mä et geet just nach ëm Haass, Revanche a verbattert Gefiller. Genee wéi den 1. Deel ass d'Story wierklech heavy am neien Deel, net liicht ze verdauen si virun allem déi tëschemënschlech Relatiounen déi deels zerbriechen, respektiv geluede sinn. E good-feeling Spill kritt een hei op kee Fall.

© Screenshot

D'Ellie an de Joel, déi am 1. Deel zesummen duerch d'Landschaft zéien a sech géigesäiteg schützen, erliewen direkt am Ufank vum 2. Deel en decisiivt Schicksal. E Fait, deen sech duerch dat ganzt Spill zéie wäert.  Méi genee dierfe mir vun RTL net drop agoen, well et ganz streng Richtlinne vu Sony ginn, wat d'Review vum Spill betrëfft. Méi streng wéi dat normalerweis de Fall ass.

Parallel wäert och eng nei Geschicht, vun engem neie Personnage erzielt ginn, heizou kënne mir Iech zu dësem Moment awer nach net méi zielen. D'Zeenerie ass zu groussen Deeler dann zu Seattle, ma dëst ass awer kloer net déi eenzeg Plaz. D'Map déi een huet, gëtt engem awer ganz kloer en Open-World Feeling, eppes dat een an sech net vun Naughty Dog gewinnt ass, man siehe Uncharted zum Beispill.

Et ass wéi gesot en extreem depressiivt Spill, mat wéineg Hoffnung, wéineg Freed, dofir vill Haass an Hoffnungslosegkeet... Et passt perfekt an eis momentan Zäit, eng Zäit an där mir och mat Angscht an Haass konfrontéiert ginn.

Och am 2. Deel heescht et nees sech mat sengem Entourage beschäftegen, fir dass een net ouni z'iwwerleeën an d'Hänn vun engem Zombie fält an d'Rees da méi séier fäerdeg ass, wéi ee kucke kann. Déi richteg Decisioune maachen, dat a Situatiounen, déi et schwéier maachen e klore Kapp ze behalen ass bei "The Last of Us II" nees sou wichteg wéi virdrun, wann net souguer nach méi wéi soss. Einfach sou op e Géigner duerlafen a lassleeën ass an de wéinegste Fäll déi richteg Decisioun, virun allem well d'Géigner dacks ze staark sinn, fir einfach esou drop duerzelafen. Do kënnen och dem Ellie seng Sënner näischt hëllefen, déi d'Opspiere vun Zombien e wéineg méi einfach mécht.

Wat d'Spill wierklech zu eppes Besonnesches mécht ass de Fait, dass d'Entwéckler d'Spiller mat mënschlechen Ängschten a Gefiller konfrontéieren, och wann et e Spill ass, an deem Anti-Mënschen, Doudeger, den Dout am generellen dominéiert. Deelweis kritt ee wierklech extrem brutal a gewalttäteg Zeene gewisen an et muss een deels ganz elle Situatioun duerchliewen... Et ass definitiv eng Aachterbunn-Faart fir d'Gefiller an näischt fir staark Nerven... Et gëtt definitiv nach eng Schëpp an deem Sënn drop geluecht.

Eng méi detailléiert Analyse vum Spill, de Mechaniken an der Story gëtt et kuerz virum Release. D'Spill selwer kënnt e Freideg de 19. Juni eraus, dat fir ronn 60€ an exklusiv fir d'Playstation 4. D'Spill ass eréischt ab 18 Joer, wat mir als RTL-Redaktioun och ganz kloer sou géifen ënnerschreiwen.