Ënnert dem Motto „Bleift Doheem“ hate Royal Family eSports d’Iddi, de Gamer Animatioun duerch Online-Turnéier an d’Haus ze bréngen.

An der leschter Zäit, wou villes zum Stëllstand koum a vill Leit grouss Changementer akzeptéiere missten, gouf et mat der Gaming Branche awer och ee Beräich deem seng Entwécklung weider viru konnt goen. Virun allem punkto online Gaming Entertainment a Live-Streams huet sech d'Demande an d'Offer vergréissert.

Mä natierlech ginn et och déi negativ Effekter, déi Corona op de Gaming huet. Haaptsächlech op d’Live-Events, déi all Joer op en neits d‘Communities zesummebréngt. Um internationale Plang héiert een do vu renomméierten Events ewéi d'Twitch-Con, d'E3 oder d'Gamescom, déi missten ofgesot oder verluecht ginn.

Mä och um lokale Plang sinn déi Noriichten net ausbliwwen, zum Beispill bei der SprinGames, dem Gameland 4 an der Luxcon. Dëst huet bei villen nationale Gaming/ Esport-Organisatiounen dozou gefouert dass si schnell misste reagéieren an hire Programm fir dëst Joer adaptéiert hunn.

An deem Fall war och Royal Family eSports, déi d'lescht Joer mat Esport Turnéieren an Animatioun live sur Place op den SprinGames, der Luxembourg Gaming Xperience an och bei der Erëffnung vum Auchan Cloche d'Or waren.

© Royal Family eSports

Och dëst Joer war geplangt do present ze sinn, souwéi nach op weideren Events opzetrieden. No der Noriicht dass d'Springbreak an der Luxexpo The Box an domat och d'SprinGames dëst Joer verluecht gëtt, missten si de Verlaf vum Joer iwwerdenken. D‘Entscheedung louch no fir mat hirem Esport Turnéier Online ze goen.

Säit November 2019 hunn si schonn ee mol pro Mount hiert Format "Sunday Tournament" organiséiert. Ugefaangen huet et mat engem Clash Royale Turnéier, deen all Mount soll organiséiert ginn an deen op der Websäit Twitch live iwwerdroe gëtt, mat Kommentatoren déi d’Zuschauer empfänken.

Ënnert dem Motto „Bleift Doheem“ haten si d’Iddi de Gamer Animatioun duerch Online-Turnéier an d’Haus ze bréngen, an sou hunn si sech entscheet 3 Turnéieren de Mount ze lancéieren. Dobäi war hinnen Diversitéit am Programm ganz wichteg an et sollten 3 verschidden Disziplinne ginn.

Mat der Erfarung déi si am Brawl Stars hunn, war dat en einfache Choix als zweet Spill. Dat drëtt Spill festzeleeë war awer net direkt esou offensichtlech, mä no der Verëffentlechung vun "Valorant" an dem immens positive Feedback vun der Community, war awer schnell kloer, dass dat perfekt passt fir de Line-up ofzeronnen.

Bei hirem Sunday Tournament schafft Royal Family eSports mat Streamer aus dem däitsche Raum zesummen, déi als Kommentatoren hiren Turnéier Live-Stream begleeden an déi bis zu 100 Zuschauer ënnerhalen.

Hier Stream-Partner rangéiere vun talentéierten Neikömmlingen, bis zu Streamer déi scho selwer eng gréisser Community hunn an um eegene Kanal deelweis iwwert 100.000 Views hunn.

kekslii (uewen) / The_Sir_Koala (ënnen) / © Royal Family eSports

Fir dass d'Teams an d'Spiller och net fir näischt untrieden, hu si zesumme mat hirem Partner "Le Reservoir", e Gaming/ Musik/ Film/ Manga Shop am Centre Neuberg an der Stad, verschidde Sachpräisser awer och Cashpräisser festgeluecht, déi si un d'Gewënner verdeelen.

De Juni war de leschte Mount virun der Summervakanz wou si dës Turnéier organiséiert hunn. Beim Brawl Stars Turnéier huet déi europäesch Equippe vun der kanadescher Esport Organisatioun Kosmos Esports déi 75€ Präisgeld gewonnen.

De Präis vun 30€ am Clash Royale konnt den dätsche Spiller „ImTheSpamMan“ vun eSport Rhein-Neckar gewannen. An bei VALORANT konnt sech déi dätsch Equippe RainbowMind d’Sammelfiguren am Wäert vun 150€ sécheren.

Elo geet et fir de Staff vu Royal Family eSports an eng ganz wichteg Phase an där si déi lescht Méint analyséieren an déi zweet Hallschent vum Joer ausschaffen.

Verschidde Projete sti scho fest, wéi zum Beispill d’Erweiderung vun hirer Equippen an d’Finalisatioun vun hirer eegener Websäit. Zudeem konzentréiere si sech op d’Ausschaffung vun hire soziale Medien an de Planning vun zukünftege Live-Events souwéi dem Ausbau vun hiren Online Formater.

Wann dir si wëllt ënnerstëtzen, kuckt eng Kéier laanscht op hirem Instagram, Facebook, Twitter oder Twitch.