Outplay huet der Fola de Fifa-Spiller ausgeléint an trëtt e Méindeg den Owend Rakovsky vum FC Tiraspol live un. Dat Ganzt gëtt iwwer Stream iwwerdroen.

Dat Ganzt ass am Virfeld vum eigentleche Champions League Qualifikatiounsmatch e Mëttwoch. E Méindeg den Owend um 21:00 Auer spille béid Formatioune virop géinteneen an engem FIFA-Showmatch op virtueller Basis, esou mellt dat och 11F op de soziale Reseauen.

D'Fola vun Esch huet sech hei mat Outplay Esports zesummegedoen, dat fir mam Francisco "Ciscinho" Muñoz (4x Lëtzebuerger Champion) Geleeënheet ze kréien, fir den CS Fola an der Champions League ze representéieren.

Den Champions League-Qualifikatiounsmatch ass dann e Mëttwoch den Owend a gëtt och live iwwerdroen.

Hei geet et op de Livestream, deen um 21:00 Auer op der Twitch-Säit vun Outplay an um iwwerdroe gëtt. Gespillt gëtt "Best-of-5".