Den 28. August 2020 bréngt Just Add Oil Games hiert neit Spill "Road to Guangdong" eraus.

Allerdéngs kennt Spill och fir d’Xbox a fir Playstation 4 raus. Vum 4. September un ass et méiglech, d’Spill och als Retailversioun am Geschäft ze kafen.

RTL

© Excalibur (Press Kit)

Am Spill klëmmt een an d’Roll vun der Haaptprotagonistin Sunny. Hat huet Konscht op der Universitéit vun Hong Kong studéiert, mä kënnt rëm zréck an seng Heemechtsstaat Guangzhou, well et de Familljerestaurant vu sengen Eltere geierft huet. Mä net nëmmen de Restaurant, och en alen, verraschten a scho längst schrottfällegen Auto huet d’Sunny geierft. Dëse gëtt als Familljemember ugesinn a gouf ganz léif op den Numm Sandy gedeeft. No engem kuerze Gespréich mam Sunny senger Tatta Guu Ma, geet dat eigentlech d'Spill och scho lass.

Alle béit hunn se sech iwwerluecht, dass se fir frësche Wand an de Restaurant ze kréien, al Familljerezepter bei d‘Verwandte siche goe sollen. Den eenzege Problem: Membere liewe kräiz a queesch an der Provënz Guangdong. An dat eenzegt Transportmëttel wat se hunn, ass een uralen Auto, dee scho mat engem Pneu um Schrottplaz steet. En néien Auto kafen am China vun den 90er Joren ass schwiereg, dofir entscheeden se sech dozou, den Auto kuerzerhand ze rafistoléieren an zu zwee op eng Rees queesch duerch d’Provënz opzebriechen. An wann se sech schonn op de Wee maachen, wëllen se d’Memberen och alleguerte bei sech an de Restaurant alueden, fir en Familljeniessen ofzehalen.

Souvill zur Story. De Gameplay u sech besteet aus zwee verschiddene Komponenten: Autofueren a Schwätzen. Beim Autofuere gelt allerdéngs ëmmer gutt op d’Sandy, also op den Auto opzepassen. Op der gesamter Rees muss een oppassen, dass d’Sandy ëmmer genuch Bensin huet an och den Uelegstand dierf een net aus den Ae verléieren. Domat net genuch, et ginn op der ganzer Rees och verschidden Autosdeeler a Matleedenschaft gezunn, dorënner ënner anerem de Käilrimm, de Loftfilter oder d‘Pneuen. Dowéinst muss ee reegelméisseg Autosdeeler ersetze, bezéiungsweis den Tank opfëlle goen. Mä dat kascht, a wann een eppes net ze vill huet am Spill, da sinn et Suen. Dowéinst gëllt et säi Fuerstil un den Auto unzepassen. Ergo net ze schnell fueren, keng Accidenter bauen an och op d’Killwaasser vum Sandy oppassen.

Mä Gott sei Dank huet ee jo seng Tatta mat op d’Rees geholl, déi een op esou Feeler a Mëssstänn opmierksam mécht. An sollt dann dach eppes schif goen, ginn et nieft der Strooss genuch Tankstellen a Schrottplazen, wou een optanke goe kann an Ersatzdeeler fënnt. Sollt et dann dach eng kéier Haart op Haart kommen (wat seele geschitt) kann een sech ëmmer nach ofschleefe loossen, wat awer dann och deementspriechend kascht. Iwwregens sollt een eng Kéier net méi genuch Suen hunn, ass d’Spill och scho genee esou schnell eriwwer wei et ugefaangen huet. Wat awer den eigentleche Reiz um Spill ausmécht, sinn déi Momenter wann ee bei de Familljememberen ass an een sech mat hinnen ënnerhält. Dobäi kritt all Familljemember en eegenen Episod spendéiert. An dësen Episode gëllt et verschidde Problemer vun de Läit ze léisen, dëst duerch d’Schwätzen an duerch d’Entscheedungen treffen. Jee nodeem wei eng Entscheedung een trëfft, verännert sech dat weidert Spillerliewnis zum Positiven oder zum Negativen. Dat heescht dir hutt et selwer an der Hand, op d’Famill Tong herno rëm rassembléiert ass, dir äre Restaurant un d’Rulle kritt an dir vill traditionell chinesesch Rezepter um Schluss vun ärer Rees gesammelt hutt.

D’Graphik vum Spill ass an engem Cartoon-Art-Style gehalen, deen op ganzer Linn z'iwwerzeege weess. Allerdéngs fält op, dass op der Switch Versioun d’Stroossen e bësse méi verniwwelt sinn, wei op deenen anere Versiounen. Soss ass d’Spill awer ganz léif designt, Personnagen hunn alleguerten hiren eegene Charme an och déi China-typesch Musek passt gutt zur faarwefrouer Graphik.

Zur Story sief esou vill gesot, dass et kee roude Fuedem gëtt, deen ee verfollege muss, allerdéngs wier et falsch ze behaapten, dass ee komplett fräi am Spill wier, well een ëmmer nëmme vu Punkt A op Punkt B reese kann, an een och an den Uertschafte relativ ageschränkt ass. Ganz intressant ass ze gesinn, wei déi al chinesesch Traditiounen op eng frësch Generatioun un Läit treffen. Et mierkt ee wierklech wei Konflikter doduerch zustane kommen. Dëst féiert och dozou, dass een Entscheedungen trëfft, déi villäicht op deen éischte Bléck als richteg erschéngen, awer vum Spill net belount ginn, am Géigendeel esouguer bestrooft ginn. Thematesch ass an de verschiddenen Episode fir alles virgesuergt. Vun Adoptioun bis Verlobung ass vun allem eppes dobäi, an dat weess ze iwwerzeegen.

Mä d’Spill huet och seng Schwächen. Sou brauch een eng Zäitchen, bis dass een sech un Steierung vum Auto gewinnt huet, well des dann dach op verschiddene Stellen en bësse wackeleg ass. Ausserdeem hunn sech an der däitscher Versioun vum Spill en puer Schreif- a Grammatiksfeeler ageschlach. Doriwwer eraus brauch een am Ufank en bësse fir mam ongewinnte Spillprinzip waarm ze ginn, dëst well ee wéineg bis guer näischt am Spill erkläert kritt an een alles selwer erausfanne muss. Als gréisste Kritikpunkt kann awer folgend Saach erugezu ginn: Op engem gewëssene Punkt am Spill besteet d'Méiglechkeet en Hond mat op d’Rees ze huelen. Sollt een des Episod awer réischt méi spéit maachen, oder sech géint den Hond entscheeden, taucht deen trotzdeem an aneren Uertschafte rëm op, obwuel en jo eigentlech net do dierft sinn. En Feeler deen net geschéien dierft, wann een dem Spiller de fräie Choix léisst dohin ze goe wéini a wou en well.

Bewäertung vum Spill

D’Spill huet mer wierklech Spaass gemaach a konnt virun allem duerch de Graphik-Stil an duerch déi China-typesch Musek iwwerzeegen. Och de Spillprinzip klengt um Pabeier gutt an intressant, mä an der Ëmsetzung hunn en puer kleng Schwächen de Spillspaass e bësse gebremst. Virun allem de Fait, dass een am Spill bal näischt erkläert kritt ass negativ opgestouss. Insgesamt ass Road to Guangdong en zolidd Spill, wat sécherlech deen een oder aneren a säi Bann zeie kann an och wäert. D’Spill entschleunegt den Alldag a léiert een déi kleng Saachen am Liewe wäertzeschätzen.

En Vue vum Präis vun der Switch-Versioun (knapp 25€) muss ech allerdéngs soen, dass et fir déi relativ kuerz Spillzäit en bëssen iwwerdeiert ass, obwuel et e Spill ass, dat een och nach eemol spille kann, well ee beim éischten Duerchlaaft wuel kaum alles richteg maache wäert.

Insgesamt géif ech d’Spill mat enger 7/10 bewäerten.

Gewënnspill