Et gi Videospiller, déi méi kënnen oder wëllen, wéi einfach just z’ënnerhalen...

Dës Spiller kënnen zum Beispill d’Nodenken ureegen, provozéieren Emotiounen an hannerloossen a bleiwenden Androck. An dës Kategorie fält mat Sécherheet d’Spill „Jessika“ vum däitschen Entwéckler-Team Tritrie Games.

D’Spiller ënnersichen den Doud vun enger jonker Fra. Se kucke sech Videoen un, lauschteren Audiomaterial a suivéiere digital Spuere vum Jessika, vir méi iwwert hiert Liewen a virun allem iwwert d’Grënn vun hirem Doud erauszefannen.

Am Optrag vun hirem Papp fänkt e privaten Ermëttler un, fir méi iwwert déi lescht Joer vun der Fra erauszefannen. Grondsteen ass den digitale Foussofdrock vum Jessika, esou den Entwéckler vun TriTrie Games, de Seren Besorak: "Also im Grunde genommen ist es so, als ob Du wie ein kleiner Hacker Dich durch die Festplatte von Jessika wühlen würdest. Das ist natürlich bei uns wesentlich einfacher und funktioniert eigentlich so wie bei einer gewöhnlichen Webseite so wie Youtube oder Google oder Instagram. Und Du kannst halt die unterschiedlichsten Schlagworte bei uns eintippen. Und mit jedem richtigen Wort, was Du halt rausgefunden hat, eröffnen sich immer wieder neue kleine Kapitel aus Jessikas Leben."

D’Story vum Spill lieft besonnesch vun de ville Videosequenzen, déi en Abléck an d’Gedankewelt vum Jessika, gespillt vum Lisa Sophie Kusz, ginn: "Als wir mit Lisa das erste Mal zusammengearbeitet haben, wussten wir ganz genau: Sie kann hin und her switchen zwischen den unterschiedlichsten Emotionen. Und das hätten wir mit dem teuersten Equipment der Welt nicht so einfach hinbekommen. Da war einfach der echte Mensch noch dem digitalen überlegen – das war eine klare Sache."

Déi héich-emotional Geschicht wëll gären iwwerraschen, schockéieren a bréngt een zum Nodenken: "Wir haben uns mit Themen und Inhalten beschäftigt, die normalerweise nicht so in ein Medium wie das Videospiel reingehören. Und da war halt die Frage: Können wir überhaupt solche Themen, wie wir sie halt auch bei Jessika ansprechen, in ein Spiel reinpacken?"

Sinn d’Sujete Selbstmord, Mord, Conspiratiounen oder Verbriechen? Ma dat misst jiddweree fir sech erausfannen.

Ween elo selwer erausfanne wëll, wat et mam Jessika op sech huet, dee kann d’Spill op Steam eroflueden an ausprobéieren.

Maacht bei eisem Gewënnspill op RTL.lu mat, a mat e bësse Chance, kënnt dir e gratis Download-Code gewannen.