E Samschdeg huet sech alles ëm League of Legends gedréit, e Sonndeg gouf bei Clash Royale a FIFA20 de Champion gesicht.

Déi éischte Saison vun der POST eSports League ass op en Enn gaangen an domadder stinn och déi éischte Championen vun dëser 1. Season fest.

Ausgedroe goufen d'Finallen am grousse Kinossall vum Kinepolis um Kierchbierg.  Iwwerdroe goufen d'Matcher op Twitch an op PostTV.

Hei d'Resultater:

LEAGUE OF LEGENDS

Finall: OUTPLAY vs. BROTHERHOOD OF THE RED LION

Hei de Klassement vu League of Legends:

1. BROTHERHOOD OF THE RED LION (5000€)
2. OUTPLAY ESPORTS (2500€)
3. CORONA DIFFERENCE (1000€)
4. RFE KNEPPEL CLUB (750€)

CLASH ROYALE

Finall: TORTEL vs. KRYPTO

Hei de Klassement vu Clash Royale:

1. TORTEL (1500€)
2. KRYPTO (OUTPLAY ESPORTS) (900€)
3. BERRY (OUTPLAY ESPORTS) (600€)
4. ORANGE (400€)

FIFA 20

Finall: FUORICLASSE vs. XFABINHO

Hei de Klassement vu FIFA20:

1. xFABINHO (2000€)
2. FUORICLASSE (1500€)
3. SHADOOW (STANDARD DE LIEGE) (1000€)
4. LXB FIFA (OUTPLAY ESPORTS) (700€)

2021 wäert et dann nom Succès vun dësem Joer och mat enger Season 2 weidergoen, esou d'Post an hirem offizielle Communiqué