ESport-Struktur vu Rams Luxembourg

© Rams Luxembourg
Rams Luxembourg gëtt et réischt zënter e puer Méint, ma sinn elo schonn op der 7. Plaz am europäesche Ranking, wat d'Infrastrukture betrëfft.
Ënnert anerem huet RAMS Esport Luxembourg schonn Talenter iwwert de Grenzen u Land gezunn, dorënner aus Frankräich an aus Italien.
Fir den Ament hunn d'Strukture vu RAMS Luxembourg 15 professionell Spiller, dat spezialiséiert fir 3 Spiller, nämlech Fortnite, Call of Duty an Team Fight Tactics.

© Rams Luxembourg
Fir 2021 huet een dann och wëlles eng eegen Akademie ze grënnen. En éischte Bootcamp gouf et schonn am Summer.
Méi Infoen iwwert déi verschidde Spiller a RAMS Luxembourg gëtt ët am offizielle Communiqué.