„Journey Of The Broken Circle“ mécht wierklech villes richteg, dat mat enger emouvanter Story a guddem Soundtrack.

Spill: Journey Of The Broken Circle

Konsol: Nintendo Switch / Steam / iOS

Präis: 8€ / 8€ / 4€

Genre: 2D Platformer

Entwéckler: Lovable Hat Cult

Publisher: nakana.io

Handlung

Am Spill spillt een de Protagonist Circle, woubäi et sech, wéi den Numm et schonns undéit, ëm e Krees handelt, deen allerdéngs onvollstänneg ass. Him feelt awer e Stéck vum Krees. Dowéinst fillt de Circle sech net vollstänneg a mécht sech op d’Sich, fir 1. néi Saachen z'erliewen, a fir 2. seng besser Hallschent ze fannen. Hie léiert och zuelräich Partner kennen, mat deenen hie sech verbënnt, mä ëmmer erëm stéieren seng Charakterzich oder déi vu senge Partner des Bezéiung, soudass et des Ëfteren zu enger Trennung kënnt. Mat dësen Trennunge léiert de Circle sech ausenanerzesetzen, andeems e seng Depressiounen, Ängschten, a Schicksaler iwwerwënnt. Dir gesitt, eigentlech spillt een de Liewenslaf vun enger richteger Persoun no. Als Mënsch wiisst een op, wëll néi Erfarunge sammelen, et féiert ee Bezéiungen, déi an d’Bréch kënne goen, et léiert een och schwéier Zäiten z'iwwerstoen a virun allem d’Liewen ze genéissen. Alles dat, wat elo beschriwwe gouf, mécht de Circle op eng spilleresch a méi bildlech Aart a Weis och duerch.

RTL

© Presskit Lovable Hat Cult

Gameplay

De Gameplay ass relativ simpel gestréckt. Et leeft een, sou wäit een dat bei engem Krees soe kann, stänneg vu lenks no riets. Zil dobäi ass et d'Enn vum Level ze areechen. Allerdéngs stellen sech zuelräich Objeten an Hindernisser an de Wee vum Circle, soudass een och heiansdo Rätsele léisen oder an der typescher Jump’n Run-Manéier iwwer gewëss Obstakele sprange muss. Besonnesch opgepeppt gouf de Gameplay duerch dem Circle seng Partner, déi alleguer eng spezifesch Spezial-Fäegkeet hunn. Ee ka beispillsweis an der Loft schwiewen, deen aneren extrem schnell rullen oder nach een aneren sech un de Mauere festhalen. Dëst erméiglecht dem Circle zuelräich Hindernisser lockerliicht z'iwwerwannen. Schwiereg ass d’Spill dobäi zu kengem Zäitpunkt, mä dat ass och net de But vum Spill. Schwiereg sinn nëmmen d’Spezial-Levelen, déi ee fräischalt, wann ee genuch Champignone fënnt, déi an der Welt verstreet goufen.

RTL

Grafik & Sound

D’Grafik ass faarwefrou a setzt souwuel d’Spill, wéi och d’Spillthematik gekonnt an Zeen. Dobäi gëtt Graphik duerch e wierklech gudde Soundtrack ënnerstëtzt, deen allerdéngs des Ëfteren abrupt ophält oder an onpassende Momenter ufänkt. Doriwwer eraus ginn et och vill Momenter am Spill, wou einfach keng Musek spillt, wat schued ass. Schliisslech ass d’Musek, a mengen Aen, essentiell fir esou moralesch a psychesch usprochsvoll Spiller, wéi „Journey Of The Broken Circle“ och eent wëll sinn.

Steierung

D'Steierung ass intuitiv an och simpel gehalen. Nerveg ass d'Steierung just beim 1. Partner, deen sech wierklech iwwerall festhält, obwuel en sech net festhale soll.

RTL

© Presskit Lovable Hat Cult

Fazit

Bewäertung: 8/10

Fazit: „Journey Of The Broken Circle“ mécht wierklech villes richteg. Et huet eng gutt Story, weess dem Spiller seng Gefiller unzereegen, ka mat der Grafik iwwerzeegen an och mat der Spillmechanik. Deen eenzege Kritikpunkt? Et ass villäicht en bëssen ze kuerz a fir Leit, déi nëmmen Action-räich Spiller spillen, wuel ze langweileg. Fir all déi aner Spiller, déi sech op eng méi roueg Aventure mat enger emouvanter Geschicht kënnen an och wëllen aloossen, ass d’Spill den optimalen Uspriechpartner!