Normalerweis hunn d'Läit zwee ënnerschiddlech Gedankegäng wann sie de Begrëff „E-Sport“ héieren...

Der enger Fraktioun kënnt direkt an de Kapp, dass E-Sport kee richtege Sport wier an déi aner Fraktioun denkt direkt u gutt gefëllten Hallen an deenen sech d’E-Sportler an de Spiller Counter Strike, League of Legends, Fortnite oder Fifa matenee moossen. Déi mannste wäerten allerdéngs d’Franchise vu Mario Kart mam E-Sport a Verbannung bréngen. Allerdéngs gëtt et zënter dem Erschénge vu Mario Kart Wii am Joer 2008 eng grouss Fan-Community, déi sech iwwert Joren ewech zesumme gedoen huet an dem Spill ee kompetitiven Touch ginn huet. Elo stellt sech natierlech esou muncher een d’Fro, wéi een dann an engem Spill, wou een 3 Ronnen am Krees fiert a mat Bananne a Panzeren ofgeschoss gëtt, en kompetitive Gedanken implementéiere kann?

D’Saach ass ganz einfach a léisst sech am beschten als eng Mëschung tëscht Fussball a Formel 1 beschreiwen. Bei all Match, deen an der Fachsprooch „War“ (engl. Krich) genannt gëtt, treffen zwou Ekippen, an der Fachsprooch „Clans“, déi aus 3, 4, 5 oder 6 Spiller zesummegesat sinn, openeen a fuere géinteneen 12 Coursen. Dobäi sammelt all Spiller um Enn vun der Course Punkten, déi opgeschriwwe ginn. Zum Schluss vum War ginn d‘Punkte vun all de Spiller zesummegezielt an déi Ekipp, déi am meeschte Punkten zesummegefuer huet, huet de War, an domat de Match gewonnen.

Dobäi gëllt et allerdéngs e puer Reegelen ze beuechten. Esou dierf beispillsweis all Streck nëmmen eemol gefuer ginn. Falls ee Spiller eng Streck wielt, déi schonns eng Kéier gefuer gouf an se gëtt och tatsächlech ausgewielt, kritt deem seng Ekipp zum Schluss vum Match Punkten ofgehalen. Fir dass d’Spiller sech an der Course besser rëmerkennen, huet all Ekipp en sougenannte Clan-Tag, deen all Spiller viru sengem Numm stoe muss hunn. Falls dëse feelt, muss dee jeeweilege Spiller an domat verbonnen seng Ekipp op en Néits mat Strofpunkte rechnen. Esou kann d’Endresultat vun engem War wéi follegt ausgesinn:

© Wii-Elite Clan

An dësem War huet d‘Ekipp Wii-Elite Clan mam Clan-Tag WEC géint Another Xtreme Element mat enger Punkte-Differenz vun 48 Punkte gewonnen. De Spiller Sealer konnt dobäi 144 Punkte fir seng Faarwe markéieren, de Kiwibö 93 an esou weider an esou fort. De Schlëssel zur Victoire si warscheinlech dobäi déi selwecht, wéi an all Sport oder E-Sport. Eng gutt Kommunikatioun an der Ekipp, en gudden Teamspirit, en bësse Gléck awer och Kënne sinn noutwendeg fir Matcher ze gewannen.

Iwwert Jore gouf d’Mario Kart Community ëmmer méi grouss an et gouf sech dozou decidéiert eng eege Liga z'organiséieren. No diversen Nummännerungen an hëtzegen Diskussiounen heescht des Liga den Ament „Mario Kart Universal“ a léisst sech op Mario Kart Central verfollegen. Do soll elo den 8. November 2020 fir déi 12. Kéier an dëser Liga an d’Gaspedalle gedréckt ginn. Innerhalb vun enger Season ginn d’Ekippen a verschidden Divisiounen opgedeelt an deenen se alleguerte fir d’Gruppevictoire fueren. Duerno ginn et nach Play-Offen esou dass eng Season ganzer zwee Méint dauere ka bis dass ee schlussendlech en Gewënner fonnt huet. An der eelefter Season hunn ganzer 120 Ekippe matgemaach an de Championstitel ass dobäi un déi franséischsproocheg Ekipp World Friend Star gaangen.

An och en ganze Koup Lëtzebuerger si bei dëser eelefter Season um Start gewiescht. Esou sinn de Chibis0ra an de Yasn fir déi däitsch Ekipp eXodus 2 un de Start gaangen a konnten d’Platz 84 beleeën. De Kiwibomm (Kiwibö) huet d’Faarwe vu Wii-Elite Clan Silver vertrueden a konnt mat senger Ekipp op d’Platz 98 kommen. Mä domat net genuch ass och eng ganz Ekipp mat nëmme Lëtzebuerger un de Start gaangen. Sie heescht dobäi ganz passend Team Luxembourg a konnt Platz 109 beleeën. Awer och op de Mario Kart 8 Weltmeeschterschafte waren d’Lëtzebuerger vertrueden. Um éischte World-Cup am Joer 2017 ass d’Lëtzebuerger Nationalekipp zesumme mat der chinesescher a chilenescher Formatioun zéngte ginn. 2018 zesumme mat Australien a Chile fofzéngten an 2019 déi siwwenzéngt ënnert 24 Ekippen.

Op dëser Platz wëlle mer d’Occasioun notzen an Iech d’Ekipp vun Team Lëtzebuerg eng Kéier kuerz en bësse méi genee virstelle fir wann Dir interesséiert wiert och an des Gaming-Zeen anzedauchen. Team Lëtzebuerg gëtt et schonn zënter 2007 an d‘Iddie vun der Community war et fir ëmmer nees ze probéiere Lëtzebuerger zesummen online ze kréien, déi gären Nintendo Games spillen an dëst och gären am Online Modus maachen. Ugefaangen huet dat ganzt mam Nintendo DS a Mario Kart DS, mä iwwert Jore si vill aner Spiller dobäi komm, dorënner ënner anerem Mario Kart Wii, Super Smash Bros. Brawl, Mario Strickers Charged Football awer och nach méi aktuell Titele wéi Splatoon 2, Pokémon Schwäert a Schëld, Mario Kart 8 Deluxe an/oder Super Smash Bros. Ultimate. Falls Dir interesséiert sidd en Deel vun der Community ze ginn, mellt Iech roueg bei dëser Facebook-Säit oder sicht Iech op dëser Säit eng Ekipp eraus mat där Dir gären a Verbindung géift trieden a luet Iech schonns emol reng provisoresch Discord erof. Falls Dir Iech awer fir d’éischt eng Kéier ukucke wëllt, wéi esou ee War ofleeft da luusst bei dësem Video eran.

[commens]