Den E-Sport gëtt ëmmer méi populär, dat net nëmmen am Grand-Duché, mä an der ganzer Welt.

Fir den Uschloss un d’international Konkurrenz net ze verléieren a fir den E-Sport ze promouvéieren, hunn d’Lëtzebuerger Futtballfederatioun an d’Lëtzebuerger E-Sport-Federatioun elo eng Kooperatioun lancéiert.

Futtball gëtt schonns laang net méi nëmmen dobaussen um Terrain gespillt, mä och doheem op diverse Konsolen. Ee vun de beschte Lëtzebuerger am Fifa 21 ass de Georges Geraldo, deen awer och betount, datt ee vill trainéiere muss, fir e gudden Niveau z'erreechen. Am Ufank, wann d'Spill erauskënnt, misst ee vill spillen, do schwätzt de Georges Geraldo vu bis zu 6 Stonnen den Dag. Dëst géing mat der Zäit awer noloossen.

Fir d‘Lëtzebuerger E-Sportler weider ze fërderen an hinnen eng Plattform ze ginn, hunn d’FLF an d’LESF elo en neie Projet lancéiert an zwar d'Orange eLeague. Dëst ass e Championnat fir d'Lëtzebuerger Futtballveräiner aus den zwou héchsten Divisiounen. All Veräin kann deen Ament zwee E-Sportler umellen an déi vertrieden de Veräin dann an enger Saison, déi op der Playstation 4 gespillt gëtt. Déi zwee bescht Spiller kréie spéiderhin d'Chance, sech fir d'Global Series ze qualifizéieren. Deen Ament musse si nach un de European Playoffs, der Pre-Qualifikatioun, deelhuelen, esou de Gilles Faber vun der FLF.

Fir d’E-Sports-Federatioun, déi am Juni gegrënnt ginn ass, ass dëst natierlech e grousse Succès, esou de Joe Hoffmann, de President vun der LESF. Weider betount hien, datt een aktuell a gudde Gespréicher wier mat der Politik, awer och scho Kontakt hätt mam Sportsministère a mam Cosl. Fir d'E-Sports-Federatioun wier d'Kollaboratioun mat der FLF elo e weidere wichtege Schratt an déi richteg Richtung. Et wéilt ee weisen, datt den E-Sport an den normale Sport sech net misste bekrichen, ënnersträicht de Joe Hoffmann.

Och bei der FLF war ee sech bewosst, datt et un der Zäit wier, dee Schratt ze maachen. De Gilles Faber huet kloergestallt, datt den E-Sport d'Zukunft ass. Och schonn an der Vergaangenheet hätt een zesumme vill Succès bei gemeinsame Projete gehat. Et hätt ee wuel schonn e Retard par Rapport zum Ausland, dofir wier dëst elo de richtege Schratt gewiescht.

Den éischten Deel vun der Saison soll dann tëscht Mäerz a Mee 2021 gespillt ginn. Déi grouss Finall ass da fir de Juni geplangt.