Déi gréissten Esports-Competitioun zu Lëtzebuerg ass nees zeréck, dat ënnert engem neien Numm: POST Esports Masters.

No enger 1. Saison, déi am Kinépolis um Kierchbierg op en Enn gaangen ass, geet elo déi 2. Saison fir Spiller aus Lëtzebuerg an der Groussregioun un.

D'Qualifikatiounsphase fir FIFA a Clash Royale sinn den 20. an 21. Mäerz 2021, d'Qualifikatioune fir League of Legends sinn den 8. an 9. Mee 2021. Ab dem 8. Februar 18 Auer un kann een sech hei umellen .

Fir déi éischte Kéier wäert dann och bei FIFA a Clash Royal souwuel e Championnat an eng Coupe gespillt ginn. Bei League of Legens gëtt e grousst Turnéier gespillt, deen sech iwwer e puer Wochen zitt.

Genee wéi 2020, wäerten d'Competitioune gréisstendeels online oflafen, dat wéinst de sanitäre Restriktiounen. Am Ganze wäerten 2021 20.000 € am Präis-Pool sinn.

Méi Infoen, Detailer a Linken ginn et hei!