En Dënschdeg war den 1. Spilldag an der neier Orange eLeague zesumme mat der Lëtzebuerger Futtball Federatioun (FLF). Gespillt gouf natierlech FIFA 2021.

32 Ekippe waren en Dënschdeg beim Start vum 1. Spilldag dobäi, gespillt gouf an 8 Gruppen, dat iwwer 6 Spilldeeg. Dono kommen dann déi 2 bescht Ekippe pro Grupp weider.

Hei geet et bei de komplette Spilldag am Replay op RTL Play!

Zu den Iwwerraschunge vun dësem 1. Spilldag zielt definitiv d'Ekipp A.S. La Jeunesse Esch déi et RM Hamm Benfica nawell schwéier gemaach hunn. Hamm gëtt nämlech als Titel-Favoritte gehandelt a sinn nawell géint déi relativ onbekannte Spiller vun der Jeunesse un d'Schweesse komm.

Gestruewelt huet och en al bekannten Hues mëttlerweil an der professioneller FIFA-Zeen, nämlech de Ciscinho vun der Fola. Hien huet iwwerraschend 3:6 am 1v1 géint den xEdinhoo aus der Schëfflenger Ekipp verluer.

Dëst ass an deem Sënn iwwerraschend, well hien sech leschte Weekend géint déi national Konkurrenz fir d'Xbox-Plaz konnt am FLF eNational Team qualifizéieren, dat niewent dem Ivanilson op der der PS4.

Den Highlight-Match vum 2. Spilldag wäerten US Hostert géint FC Jeunesse Canach, sou wéi CS Fola Esch géint FC Monnerech sinn.

Den 23. Mäerz gëtt den 2. Spilldag gespillt, iwwerdroen op Twitch. Dir kënnt natierlech nees an eisem Livestream dobäi sinn.