En Dënschdeg war den 2. Spilldag vun der Orange eLeague zesumme mat der Lëtzebuerger Futtball Federatioun (FLF).

32 Ekippe waren en Dënschdeg nees um 2. Spilldag dobäi, gespillt an 8 Gruppen, dat iwwer 6 Spilldeeg. Dono kommen dann déi 2 bescht Ekippe pro Grupp weider.

Hei geet et bei de komplette Spilldag am Replay op RTL Play!

Den Highlight vum Matchday 2 war awer sécher de Matchup am Grupp H tëschent Jeunesse Kanech an US Hueschtert, wou och den 2v2 Bo2 gestreamed ginn ass. Hei konnten d'Underdogs vu Kanech 6:6 spillen an och an den individuelle Partien huet sech jee eemol Kanech an eemol Hueschtert duerchgesat, sou dass um Enn vum Dag d'Punkten opgedeelt ginn.

Am Grupp G war nees eng Iwwerraschung mam Ciscinho, dee säi Bo2-Spill verluer huet an och am 2v2 Bo2 duerch säin Teamkomerod gerett ginn ass, sou dass hei d'Fola 6 vun 9 Punkte mat heem hëlt. Och am Grupp G huet Käerjeng mat enger däitlecher Victoire iwwerrascht, dat géint d'Spiller vu Schëffleng, déi d'lescht Woch staark géint d'Fola gespillt hunn.

Grupp F: D'Favoritte vum RM Hamm Benfica setze sech nees kloer duerch. Jeunesse Esch war no hirem staarken Optrëtt d'lescht Woch méi staark ageschat ginn, verléiert an de Matcher awer 1:2, also 6 Punkte fir Rodange, 3 fir Jeunesse.

Am Grupp E, confirméiert den FC Marisca dës staark Form a gewënnt och géint Weiler ganz kloer.

Am Grupp D verléiert Beetebuerg Forfait, well se net fir de Match opgedaucht sinn, an BW Miedernach gewënnt den Matchday géint Munneref knapp, déi ee Bo2 kënnen gewannen, déi 2 aner Bo2 hunn se gläich gespillt géint Munneref.

Grupp C: Resultater Onhold, dat wéinst engem Ban vun EA, deen awer näischt direkt mat der Orange eLeague ze dinn huet.

Grupp B: D'Favoritte vu Swift Hesper setze sech ganz locker géint Rëmeleng duerch, déi 2. Begéinung ass onhold duerch e Ban.

Grupp A: Ganz spannend Partie dann hei tëscht Déifferdeng géint Berbuerg, wou Berdenia sech awer um Enn duerchsetzt, an däitlech Victoire fir de Favoritt an der Grupp A, nämlech d'Etzella.

De 6. Abrëll gëtt den 3. Spilldag gespillt, iwwerdroen op Twitch. Dir kënnt natierlech nees an eisem Livestream dobäi sinn.