Wann Dir dat Ganzt net verpasse wëllt, da kuckt um 20 Auer hei am Livestream eran!

E Freideg de 16. Abrëll ass et souwäit: Team Lëtzebuerg sicht seng Representante fir d'Weltmeeschterschaft am Mario Kart 8 Deluxe, déi jo am Juni 2021 wäert sinn.

Bis ewell hu sech ganzer 27 Fuerer a Fuererinnen ugemellt, déi e Freideg un den Depart goe wäerten, fir hiert d'Land op der grousser Bün kënnen ze representéieren.

Wann Dir dat ganzt net verpasse wëllt, da kuckt um 20 Auer hei am Livestream eran! Deen ganze Qualifier wäert Iech vun den Organisateure iwwerdroe ginn a mat hëllefräiche Kommentare begleet ginn.

Op dëser Plaz wënsche mir all de Participante vill Gléck an Iech vill Spaass beim Nokucken!