Et geet lass mat der entscheedender Phas vun der Orange eLeague.

Mam Ufank vum Playoff gëtt et eescht a mir kënne ganz spannend Matcher erwaarden mat ënner anerem dem FC Etzella Ettelbruck géint dem FC Marisca Miersch e Samschdeg an dem Diogo "DiogoSantos26" Santos géint Fabio Martins David e Sonndeg.

D'Resultater vun der Gruppephas

Nom 6.Spilldag steet fest, wéi eng Ekippen an de Playoffs stinn. Dëst sinn all Kéiers déi 2 éischt Ekippen aus all Grupp. E Freideg den Owend ginn dann d'Gruppéierunge vun den Orange eLeague-Playoffs am Livestream gezunn. Dir kënnt dëst vun 19 Auer un live bei eis suivéieren.

Grouss negativ Iwwerraschung no der Gruppephas ass den CS FOLA, deen hei erausgefall an net an d'Playoffs kënnt. Dat mat engem vun de grousse Vedetten am Fifa-Esports, dem Ciscinho.

Dofir grouss Iwwerraschung am positive Sënn, dass den FC Mondercange sech konnt als 2. Ekipp am Grupp G duerchsetzen.

Fir de Grupp D gëtt et och nach eng kleng Iwwerraschung, soudass den US Mondorf mam Lux_Walter sech net duerchsetze konnt. Hei konnt Blo-Weiss Miedernach sech virun US Mondorf duerchsetzen.

Fir dei aaner Gruppen hunn dann dach wéi erwaart d'Favoritte sech konnten duerchsetzen, wéi der uewen an eiser Tabell kënnt noliesen.