Nodeems bei der 1. Editioun ganzer 25 Fuerer a Fuererinnen un de Start getruede sinn, hunn sech der bis ewell fir déi zweeten Editioun 24 Läit ugemellt.

Et dierf ee gespaant sinn, wien sech des Kéier am Qualifier duerchsetze wäert an sech schlussendlech den Ticket fir d'WM séchere wäert.

Besonnesch dierf ee gespaant sinn op de Sam, d'Yasn an de Kakpu hir gutt Leeschtungen erneit ënner Beweis stelle kënnen an sech vun deenen anere Matspiller a Matspillerinnen ofsetze wäerten. Allerdéngs brauchen aner Läit sech och net ze verstoppen a kënnen en Samschde villäicht deen een oder anere vun der Top 3 ënner Drock setzen. Hei hunn mir fir Iech nach eng Kéier d'Resultater am Detail.

Wann Dir dat ganzt net verpasse wëllt, da kuckt en Samschden um 20 Auer hei am Livestream eran! Deen ganze Qualifier wäert Iech vun den Organisateuren iwwerdroe ginn a mat hëllefräiche Kommentare begleet ginn.

Op dëser Plaz wënsche mir all de Participante vill Gléck an Iech vill Spaass beim Nokucken!