An engem enke Match konnt sech ënnert anerem den "xFabinhoo" géint den "Diogosantos" an der Round of 16 duerchsetzen.

An deenen anere Matcher vun der Round of 16 sinn d'Highlights, dass den "Lxbfifa", den "Prestino" an den "LouisLux" sech kloer géint hier Géigner duerchsetze konnten.

An der Round of 8 ass et déi grouss Iwwerraschung, dass den "Lxbfifa" sech 10-0 géint den "xTiago" konnt duerchsetzen an den "Ivanilson" 6-1 géint den "LastkingKevin". An engem ganz enke Match setzt den "Prestino" sech duerch am Eelefmeterschéisse géint de "LouisLux".

An der Round of 4 koum et dunn zur Renconter tëscht dem "Lxbfifa" an dem "Prestino", déi de "Lxbfifa" fir sech entscheede konnt an sech sou en Ticket fir d'Finall nächst Woch séchert.

RTL

© Orange eLeague

An op der anerer Säit Teamkamerode vun RM Hamm Benfica, déi am Club-internen Duell ee Finalist vum Upper Bracket ausspille mussen, séchert sech den "xFabinhoo" den Ticket fir an d'Finall nächst Woch. Den "Ivanilson" an den "Prestino" gi vun hire Konkurrenten an de Lower Bracket geschéckt.

Am Lowerbracket, kämpfen sech den "Diogosantos" an de "Bonvini" duerch, an treffen do op den "Ivanilson" respektiv de "Prestino". Hei hunn den "Ivanilson" an den "Prestino" konnten iwwerzeegen an treffen openeen, fir de Finalist ze bestëmmen, wou den "Ivanilson" d'Iwwerhand hat a sech sou déi lescht Platz an der Finall séchere kann.

Alleguerten d'Matcher virun a wärend de Playoffs ginn et natierlech wéi gewinnt am Replay op RTL Play!