THQ Nordic hat en vue vum Release vun hirem Spill "Big Family Games" fir op d'Nintendo Wii am Joer 2009 eng faméis Marketingiddi.

Dëst fir d'Spill, besonnesch a Groussbritannien, Reklamm ze maachen. De Publisher aus Éisträich war op d'Iddi komm, eng Nintendo Wii, ëmmantelt mat 24-Karat-Gold, als Kaddo fir d'brittescht Kinnekshaus un de Buckingham Palace ze schécken. Natierlech stoung deemools d'Queen Elizabeth II als Destinatär um Pak.

Den Hoke bei dësem Marketing-Geck war allerdéngs, datt et dem brittesche Kinnekshaus net erlaabt ass, esou Kaddoe vun Entreprisen unzehuelen. Deementspriechend krut d'Queen d'Konsol leider ni ze gesinn, a si ass an den déifsten Déifte vun THQ Nordic verschwonnen. Bis haut!

Gutt 8 Joer méi spéit huet en Här vum Internetsite "Console Variations" sech d'Unikat ënnert de Nol gerappt a probéiert elo, dës gëlle Wii iwwert Ebay un en neie Mann, respektiv un eng ni Fra ze bréngen. Dobäi beleeft sech de Käschtepunkt op 300.000 US-Dollar (et sief gesot, datt de Versand allerdéngs nëmmen 1 Dollar kascht).

RTL

© ebay / screenshot

D'Wii befënnt sech an engem benotzten Zoustand a géif mat engem Echtheetszertifikat geliwwert ginn. Falls Dir elo un dësem Schmockstéck interesséiert sidd, da klickt op folgende Link an dir lant direkt beim Produit op Ebay.