Dëse Sonnden, den 23. Mee 2021, ass deen drëtten a leschte Qualifier fir d'Mario Kart 8 Deluxe WM.

Vu 16 Auer u wäert sech d'Elitt aus dem lëtzebuergesche Mario Kart 8 Universum Paroli bidden. An um 18 Auer wäerte mer da wëssen, wien d'Lëtzebuerger Faarwen op der WM representéieren dierf.

Den zweete Qualifier, deen den 8. Mee 2021 war, konnt d'Yasn ganz knapp mat 216 Punkte virum Kiwibomm mat 215 Punkte fir sech entscheeden. Déi drëtt Plaz goung dobäi un de Sam, dee mat 184 Punkten de Qualifier souverän ofschléisse konnt.

Gratuléiere kann een op dëser Plaz dem Yasn an dem Sam, déi sech opgrond vun zwou TOP3-Placéierunge scho konnte fir d'WM qualifizéieren. Déi aner Kandidaten a Kandidatinnen, dorënner och de Kiwibomm, dee mëttlerweil d'Gesamtwäertung ufeiert, mussen allerdéngs nach an den drëtten Tour goen an nach eng Kéier alles gi fir sech ze qualifizéieren.

Natierlech gëtt dëse Qualifier och nach eng Kéier op YouTube gestreamed a vun den Organisateure kommentéiert. De Wee op de Stream fannt Dir natierlech och nees bei eis um Site.

D'Fotoe vum momentane Tëschestand, souwéi d'Fotoe vun den Endresultater vun deene jeeweilege Qualifiere fannt Dir an der Fotosgalerie.

Mir wëschen Iech vill Spaass beim Nokucken an de Participante vill Gléck beim Fueren!