Am FIFA ginn aktuell d’Top 8 gesicht. Et bleiwe just nach puer Matcher ze spillen, a verschiddener kënne scho mat enger séchere Plaz an den Top 8 rechnen.

Sou zum Beispill den „RSCL Shadow“ an den „Helios Gaming Fuoriclasse_27“, déi sech momentan déi éischt zwou Plazen deelen. Hannendrunn hunn mer den 
„TSK Messimaestro71“, de „LouisLux“, de „Kaio Abdoubrown“ an de „bonvini_8“, déi eng sécher Plaz an den Top 8 hunn.

Dës Spiller ginn invitéiert, fir um „Invitational“ mat ze maachen. Dëst ass een 2. Event vun der POST Esports Masters, wou d’Top 8 vu FIFA a Clash Royale invitéiert ginn, um Samschden 29. Mee eng Virronn ze spillen a wou  d'Top 4 am Kinepolis de 6. Juni bei engem Turnéier deelhuelen. Dat heescht, do gëtt eng Zort „Cup-Format“ ënnert deenen 8 Beschte gespillt.

Wann mer ee Bléck op Clash Royale geheien, gesi mir, dass do Spiller wéi den „FYN Blackpearl“ Tabellenleader sinn. Hannendru positionnéiert sech den „RFE Tortel“ an och Spiller wéi den „OP Krypto“, „NBX Wayes“ oder den „RFE ShyGuy“, déi sécher an der Top 8 stinn an och um „Invitational“ Turnéier wäerten deelhuelen. Allerdéngs bleift et weiderhi spannend, wien et nach an dës Top 8 packt.

League of Legends gouf a gëtt e Samschden (22/05) an nächste Samschden (29/05) Bracket of the Great (Winners) a Bracket of Challengers (Losers) gespillt.

Méi Infoen um offizielle Site vun de POST Esports Master!