All Mënsch, deen och nëmmen e wéineg eppes vu Videospiller kennt, dee weess, dass dëst en absolutte Must fir Gamer wäert sinn.

Eng vun de kultesche Strecke gouf elo änlech opgebaut, dat an enger Indoor-Hal zu Utrecht, méi genee op der Admiraal Helfrichlaan. An d'Liewe geruff gouf dëse flotte Projet vun The Team Building.

Et wäert dann och, wéi am richtege Mario Kart, déi éischte Streck sinn, op där een Hindernisser muss ëmfueren. Anescht ass och, dass et net nëmmen ëm d'Vitess an d'Placéierung geet, mä och ëm Punkten.

Sou huet een dann och zum Beispill Items, respektiv Waffen zur Dispositioun, fir aner Fuerer ofzeschéissen a sech sou zousätzlech Punkten ze verdéngen. Wann ee getraff gëtt, fiert engem säi Kaart dann och kuerz méi lues, also genee sou wéi am Videospill.

Weider Infoen iwwert d'Präisser, Ticketen, Ouverturen a méi gëtt et um offizielle Site vun The Team Building.