Mam Verbreede vun der 5G-Technologie, géife Spillkonsole wéi Playstation oder Xbox iwwerflësseg ginn. D'Corona-Kris hätt dës Entwécklung just gestoppt.

Deene meeschte Gamer dierft den Naoki Yoshida wuel e Begrëff sinn. Hien ass bei Square Enix de Mastermind hannert de Spiller "Final Fantasy" an "Dragon Quest".

Riets geet natierlech vu Streaming-Déngschter, déi konventionell Konsolen an Zukunft wäerten iwwerflësseg maachen. Dass dat nach net scho längst geschitt ass, hänkt dem Entwéckler nëmmen um Coronavirus, deen d'Entwécklung ausgebremst hätt. Ouni d'Pandemie wier ee warscheinlech scho längst beim Trend. Duerch déi héich Vitesse beim Streamen, déi mat 5G méiglech sinn, gëtt eng stationär Léisung einfach ëmmer manner gebraucht.

Och de Fernsee wäert dem 5G zum Affer falen, an Zukunft wäert quasi all Mënsch op engem mobillen Apparat spillen an ëmmer bei sech hunn.

Soubal sech d'5G Technologie elo verbreede wäert, wäerten d'Deeg vu konventionelle Konsole wuel gezielt sinn, do ass sech den Naoki Yoshida méi wéi sécher. Op Hardware brauch dann net méi opgepasst ze ginn, wat an sech eng positiv Entwécklung wier, well dëst vum Präis hier dierft wäit aus méi bëlleg ginn.

Experte ginn 2021 scho vun engem Réckgang vu bal 9% bei de Konsolen aus.