An sech sollt d'Konsol schonn en Donneschdeg den 3. Juni presentéiert ginn, ma et d'Fans dierften sech elo awer wuel musse bis de 15. Juni gedëllegen.

Nintendo selwer huet sech zu der Konsol awer nach geäussert. Niewent der normaler Switch gëtt et bis ewell jo just d'Switch Lite ze kafen. Eng Pro-Versioun ass vun Nintendo net offiziell confirméiert.

Op Twitter zirkuléiert deemno d'Info vun engem Screenshot, deen Händler no weise soll, dass d'Pro-Konsol vum 4. Juni op der Verkafslëscht steet. Getippt gëtt op Walmart Canada oder Amazon Mexico. D'Info kënnt vu Centro Leaks, deen ënnert anerem dacks nei Pokémone geleaked huet, déi och an der Vergaangenheet ëmmer richteg waren.

En Donneschdeg dunn huet Nintendo eng Nintendo Direct fir de 15. Juni annoncéiert, wou et da warscheinlech wäert zum Annoncement kommen.

Iwwregens hat och de franséischen Handler Boulanger d'Konsol scho gelëscht, dat fir 399 Euro. Ma och de Präis ass awer nach net offiziell annoncéiert ginn.