De Weekend hat sech jo déi beschte Spiller am FIFA21, Clash Royale a League of Legends getraff, fir de Gewënner an de Finallen z'ermëttelen.

Gespillt gouf am gréisste Sall vum Kinepolis um Kierchbierg, dat natierlech wéinst de sanitäre Mesuren ouni Public. Dofir gouf den Event awer op Twitch a PostTV iwwerdroen.

E Samschdeg war et un de 4 beschten Ekippen aus League of Legends, also Outplay Esports, Team Slick, Brotherhood of the Red Lions a Rely On. Schlussendlech ass et Outplay déi mat 3:0 géint Team Slick konnte gewannen an sech den Titel huele konnten.

E Sonndeg da ware et un de Spiller fir FIFA21 a Clash Royale. Am FIFA21 stoungen de Lëtzebuerger LouisLux, de Belsch Shadoow an de Fransous Fuoriclasse an de Finallen, hei konnt sech de Fuoriclasse duerchsetzen.

Am Clash Royale war et dann eng däitsch Finall, dat mam Tortel, Shy Guy a BlackPearl. Hei war et ganz spannend, ma schlussendlech konnt sech hei de Blackpearl duerchsetzen.

De Wirtschaftsminister Franz Fayot war dann och bei der FIFA-Finall mat dobäi an huet zesumme mam Generaldirekter vun der Post, dem Claude Strasser de Gewënner d'Präisser iwwerreecht.

Alleguerten d'Detailer a weider Infoen ginn et hei!