En Freiden ass et endlech esouwäit. Zanter laange 5 Joer fënnt endlech erëm eng Europameeschterschaft statt.

Dausende vu Mënsche wäerten iwwert gutt ee Mount hir Liblingsekipp an hir Liblingsspiller ufeieren an esou gutt wéi et nëmme geet ënnerstëtzen. Mä net nëmmen an der Realitéit kann een elo seng Faarwen ënnerstëtzen, mä säit Neistem och op Animal Crossing: New Horizons.

En Fan vum Spill huet sech nämlech d'Méi gemaach an huet d'Trikote vun all de 24 deelhuelenden Natiounen nogebastelt a per Code dem breede Public zur Verfügung gestallt. Dorënner sinn natierlech d'Trikote vun onse belschen, franséischen an däitschen Noperen erëmzefannen, souwéi d'Exoten aus der Tierkei, Nordmazedonien oder Finnland.

Falls Dir Iech déi verschidden Designs ukucken oder Iech en ganz bestëmmten Trikot downloade wëllt, da klickt Iech am Beschten duerch dëse Video duerch. An dësem fannt Dir d'Coden zum Trikot vun der jeeweileger Nationalekipp.

An dësem Sënn op eng interessant a spannend EM!