Et ass kloer déi wichtegst Videospill-Foire vun der Welt, ma huet wéinst der Pandemie 2020 misste komplett ofgesot ginn. Och dëst Joer war alles anescht.

D'E3 kann och 2021 net wéi geplangt oflafen, Millioune Leit iwwert e puer Deeg an zouen Halen ass einfach an der Pandemie nach net denkbar, och wa weltwäit d'Ouverture ze spieren ass. Dohier gëtt d'E3 dëst Joer a Form vun Online-Events vun den Hiersteller ofgehalen. Majo och schonn iert d'E3 offiziell den 12. Juni mat sengem Programm ugefaangen huet, konnt ee sech schonn nei Spiller den 10. Juni ukucken, dat am Kader vun enger bal 2-Stonne-laanger Online-Presentatioun, genannt Summer Game Fest 2021, wou een Trailer nom anere lafe gelooss gouf. Zesummen also mat der E3 selwer, läit elo bal eng Woch vun Announcements hannert hei, e puer interessant Spiller hu mer awer erausgepickt.

Eent vun de wuel gréisste Reveals bis elo ass d'Presentatioun vun "Elden Ring". Zwee Joer laang hunn d'Fans vum Studio "From Software" waarden, bis et nees Infoen iwwert d'Spill géif sinn. An hei gi keng kleng Bréidercher gebak... Keen aneren wéi de Papp vu Game of Thrones, den George R. R. Martin an d'Entwéckler vun der Dark Souls-Serie schaffen un engem grousse Fantasy-Spill. Am Trailer ass ze gesinn, dass een z.B. mat Hëllef vu Päerd d'Map bereese kann, dat enger Open-World-änlecher Welt. Et kann och wärend dem Reide gekämpft ginn.

Release ass fir den 21. Januar 2022 geplangt, d'Spill soll fir PS4, PS5, Xbox One/Series a PC erauskommen.

Da wäert am Oktober dann och nees eppes fir d'Shooter-Frënn erauskommen, nämlech en neien Deel aus der Battlefield-Serie. Riets geet vu "Battlefield 2042" a suergt nawell elo scho fir vill Diskussiounen. Storymode ass passé, dee wäert et net méi ginn, d'Spill wäert just nach op Multiplayer-Gameplay ausgeluecht sinn. Wéi EA matdeelt, kënne bis zu 128 Spiller op enger Map sinn, déi gréisst soll 5,9 Quadratkilometer grouss sinn. Dat alles an der apokalyptescher Welt déi eis an noer Zukunft kéint bevirstoen.

Release ass den 22. Oktober 2021, d'Spill soll fir PS4, PS5, Xbox One/Series a PC erauskommen.

No "Avengers" well de Studio Eidos Montreal (Tomb Raider-Reboot) e weideren Titel vu Marvel opgräifen, nämlech "Guardians of the Galaxy". Hei dréit et sech ëm e Singleplayer-Adventure an der 3. Persoun. Hei iwwerhëlt een d'Roll vum Starlord an erënnert e wéineg u "Star Wars Jedi: Fallen Order". Duerch d'Verhale vun de Spiller kann d'Geschicht massiv beaflosst ginn.

Release ass den 26. Oktober 2021, d'Spill soll fir PS4, PS5, Xbox One/Series a PC erauskommen.

Och beim nächste Spill hunn d'Fans laang misse waarden, bis se mat neien Infoe gefiddert goufen. Rieds geet vu "Starfield". De Chef bei Bethesda, den Todd Howard, huet betount, dass d'Spill scho 25 Joer an der Maach wier, ma lo kéint ee mat Hëllef vun der neier Konsolegeneratioun d'Spill wierklech realiséieren. Et ass nach net wierklech kloer, ëm wat et am Spill geet, ma et ass vun engem Rollespill auszegoen an enger grousser, oppener Welt, natierlech am Weltraum.

Release ass den 11. November 2022, d'Spill soll fir Xbox Series a PC erauskommen.

"A Plague Tale: Requiem" ass d'Suite vun "A Plague Tale: Innocence" a wäert och nees eppes fir Leit sinn, déi un der Pescht a Ratte Gefale hunn. Och am 2. Deel muss ee mam Amica a sengem klenge Brudder Hugo duerch déi geféierlech Welt kommen, ouni natierlech zu Schued ze kommen.

Release ass am Joer 2022, d'Spill soll fir Xbox Series a PC , sou warscheinlech och d'PS5 erauskommen.

Bei Ubisoft gouf et dann en 1. Trailer zu engem neien Avatar-Spill, dat mam Numm "Avatar: Frontiers of Pandora", Sécher ass: et ass en Open-World-Spill, et ass en Action-Adventure an et ass am First Person. Ma de Studio Massive Entertainment léisst awer drop schléissen, dass sech eppes z'erwaarden ass, de Studio ass z.B. fir "Far Cry 3" a fir d'Division-Serie responsabel. En 2. Avatar-Film ass jo fir d'nächst Joer geplangt.

Release ass nach onbekannt, d'Spill soll fir Playstation 5, Xbox Series a PC erauskommen.

E Mëttwoch den Owend steet dann nach d'Award-Show un, en Donneschdeg gëtt et nach d'Xbox "Special Showcase" fir d'Microsoft-Fans.

Hei déi grouss Gaming-Titelen, zu deenen et eppes op der E3 gouf, op ee Bléck!

  • Trek to Yomi