Iwwregens direkt am Viraus: Vun enger Switch Pro oder souguer enger Switch 2 ass kee Wuert gefall, mä dofir konnten d'Zelda-Fans endlech opootmen.

Ugefaangen dann awer mat Super Smash Bros., hei gouf nämlech eng Kooperatioun mat Tekken annoncéiert, dëst nennt sech dann Super Smash Bros. x Tekken. Den 28. Juni ginn et méi Infoen heizou.

Weider dann zu Life is Strange Remastered a Life is Strange_ True Colors. Et wäert also e Remaster fir d'Switch ginn, e geneeën Datum steet nach op. Ma och dee ganz neien Deel "True Colors" vum Story-baséierte Spill wäert et fir d'Konsol ginn, dat da fir den 10. September 2021.

Guardians of the Galaxy ass jo zënter der Square Enix Presentatioun bekannt, dass hei e Videospill erauskënnt, ma och d'Switch kritt iwwerraschend eng Versioun, dat awer just an der Cloud. De 26. Oktober kann een d'Spill da kafen.

Weider Titelen déi fir d'Nintendo Switch annoncéiert goufe si Worms Rumble, Astria Ascending, Two Point Campus, Just Dance 2022, Dragon Ball Z: Kakarot, Cruis'n Blast a Super Monkey Ball: Bannana Mania.

Da wäert et och en neien Mario Party ginn: Mario Party Superstars. Hei ginn et 5 Spillbrieder aus den éischte 4 Spiller vun der Serie an iwwer 100 Minispiller aus der Zäit vun der N64 an der Gamecube. Offline kënne Partie gespäichert ginn, Online kann ee géint aner Spiller aus der ganzer Welt untrieden. Eraus kënnt d'Spill den 29. Oktober 2021.

Leider ass Metroid Prime 4 nach komplett an der Entwécklung, sou dass et heizou nach keng weider Infoe ginn. Ma dovir gouf et eppes zu Metroid Dread, dem 5. Deel aus der Metroid-Serie. Et soll sech hei an sech ëm en Suite vu Metroid Fusion fir de GBA dréien. Den 8. Oktober kënnt d'Spill eraus, dat zesumme mat 2 neien Amiibo-Figuren.

Weider goung et da mat Mario Golf, dat jo elo de 25. Juni erauskënnt. Hei goufen et nei Biller an déi verschidde Modussen ze gesinn. Änlech dann och fir d'Spill Monster Hunter Stories 2: Wings of Ruin.

Fir d'Fans vum Wario da gutt News: Mat Wario Ware: Get it Togehter gidd der zervéiert. Ähnlech wéi een zënter der Wii gewinnt ass, kënnt dem Mario säi Kontrahent mat enger ganzer Partie neier Mikro-Geschécklechkeetsspiller. Den 10. September steet d'Spill an de Geschäfter.

Weider Spiller, déi zernimme sinn a presentéiert goufen, si Shin Megami Tensei 5, Danganronpa Decadence, Fatal Frame: Maiden of Black Water, Doom Eternal: Ancient Gods - Part 1, Tony Hawk's Pro Skater 1+2 Remastered, Strange Brigade, Mario + Rabbids: Sparks of Hope, Advance Wars 1+2 Reboot Camp an Hyrule Warrios: Zeit der Verheerung.

Domadder bleiwe mer dann och bei Zelda, well hei konnt ee sech am Kader vum 35. Gebuertsdag vum Link wuel eppes Klenges erwaarden. Hei goung et da lass mat The Legend of Zelda: Skyward Sword HD. D'Spill, dat jo fir d'Wii erauskomm ass, kënnt remastered de 16. Juli 2021 eraus.

Am Kader vum Anniversaire gëtt et dann och fir The Legend of Zelda e Game & Watch. Mat integréiert sinn 3 Klassiker: The Legend of Zelda, Zelda 2: The Adventure of Link an The Legend of Zelda: Link's Awakening. Änlech wei bei der Mario-Edition, wäert och hei nees eng interaktiv Auer an en Timer integréiert sinn. Eraus kënnt de Game&Watch den 12. November 2021.

An da koum dee Moment, op deen sech d'Fans vu Zelda laang gedëllegt hunn: Nei Biller aus The Legend of Zelda: Breath of the Wild 2.  Ënnert anerem gesäit een dem Link seng nei Fäegkeeten an d'Hannergrondmusek, déi een hannerzeg ofgespillt héiert, eventuell en Tipp wat Story a Gameplay betreffen. Eréischt 2022 kann ee mam Spill rechnen, e geneeën Datum steet nach net.

Fans vu Mario Kart oder Animal Crossing kruten iwwerdeems keng Neiegkeeten.