Dëst Joer feieren déi kleng Täschemonsteren aus Japan hire 25. Anniversaire.

Net nëmmen huet den Hype ëm d'Videospiller ugehalen, ma d'Serie ass virun allem duerch d'Opmierksamkeet vun den deiere Pokémon-Kaarten, déi am Präis praktesch all Woch klammen, sou populär wéi bis ewell nach net.

25 Joer Pokémon - Reportage David Winter

Wat 1996 a Japan als Videospill ugefaangen huet, ass hautdesdaags aus der internationaler Popkultur a Millioune vu Kannerzëmmer net méi ewechzedenken. Den Numm selwer, also "Pokémon", ass eng Ofkierzung vum englesche "Pocket Monsters". Dëst sinn deels digital Monsteren, déi verschiddene Klassifikatiounstype wéi Planzen, Insekten, Steng, Geeschter, Feier, Waasser oder Stroum, fir der nëmmen e puer ze nennen, zougeuerdent ginn

Dës Wiesen existéieren an der fiktiver Welt vun Alabastia, do physesch an der Natur an interagéiere souguer deels mat Mënschen, ma kënnen awer mat Hëllef vun engem Pokéball an eng digital Form transforméiert an sou an enger Posch transportéiert ginn. Hier Besëtzer, sougenannten Trainer, fleegen, trainéieren an entwéckelen hier Pokémon.

D'Grondiddi fir d'Spill kënnt vum Satosho Tajiri, engem Spillentwéckler, deen als Kand gären Insekte gesammelt, klassifizéiert an analyséiert huet. Hie wollt dëst Erliefnis an der digitaler Welt ëmsetzen. Schliisslech investéiert Nintendo an d'Konzept a bréngt Pokémon fir déi éischte Kéier am Februar 1996 op de Marché a wëll esou de Gameboy, deen zu deem Moment e wéineg un d'Struewele komm war, nees e klenge Boost ginn.

Entgéint den Erwaardungen, sinn d'Verkafszuele vun de Spiller duerch de Plaffong gaangen. Kuerz drop koum e Kaartespill eraus an 1997 ass dann d'Fernseeserie ausgestraalt ginn. An dëse Succès hält bis haut un: Bis 2021 goufen iwwer 350 Millioune Videospiller verkaaft, iwwer 25 Milliarden Trading-Cards a 74 Länner an an 10 verschiddene Sproochen. Heizou ziele mol nach net d'Kinosfilmer, eng nei Netflix-Serie, d'Mangaen an den Augmented-Reality-Hit fir de Smartphone, Pokémon Go.

Déi Mëschung aus digitalen a physesche Wiesen an enger Klassifikatioun vun de Pokémon weist ganz staark, wéi enk den ale japanesche Volleksglawe mat der Natur an enger Abberzuel Geeschterwiesen a Monster verbonnen ass.

D'Pokémon hunn an de leschte Joren esou en Impakt op déi japanesch Kultur gehat, dass d'Mark souguer e wichtege Facteur fir d'Tourismusbranche ass. Virun allem Jonker kréie Japan esou vun enger Säit gewisen, déi gutt ukënnt. Ma dat Ganzt suergt awer och fir Kritik. Kënschtler aus Japan, dorënner de Yamamoto Akira oder den Ikeda Manabu betounen, dass Japan méi ze bidden hätt wéi iwwerdréiten Elektromais oder kannereg Hello Kitty Figuren.

RTL

© JUSTIN SULLIVAN / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

Kritik gouf et an der Lescht dann och fir déi horrend Präisser vu Pokémon-Kaarten, déi deelweis kënschtlech vun Influencer oder Youtuber an d'Luucht gedréckt ginn. Verschidde Kaarten aus alen Editiounen erreechen honnertdausenden un Euroen op Auktiounen. Änlech mat de Videospiller, déi deelweis eng Präisdeierecht vun ëm 300% an de leschten 2 Joer matgemaach hunn. Dëst läit un der Popularitéit vun de Kaarten, ma awer och un der Pandemie, déi d'Zocken nees méi populär gemaach huet.