Team Lëtzebuerg, de Broadcaster vun de Matcher vun der Lëtzebuerger Ekipp luet Iech häerzlech an, d'Lëtzebuerger Spiller z'ënnerstëtzen.

Net nëmmen am Futtball dierfen d'Natiounen den Ament géint eneen untrieden, mä och am E-Sport steet en gréissert Turnéier um Programm. An dat bescht? Och d'Lëtzebuerger si vertrueden.

Team Lëtzebuerg, de Broadcaster vun de Matcher vun der Lëtzebuerger Ekipp luet Iech häerzlech an, ons Jongen z'ënnerstëtzen! Hei hiert Statement:

"Dëse Weekend, den 19. a 20. Juni 2021, ass de Startschoss vum World Cup 2021 a Mario Kart 8 Deluxe! Nieft Mario Kart 8 Deluxe, wäert och a Mario Kart Tour a Mario Kart Wii gefuer ginn. Insgesamt wäerten em di 90 Matcher an allen 3 Mario Kart Spiller iwwert Bün goen.

Haut kenne mer Iech di 5 Matcher an hier Auerzäite presentéieren, wou Lëtzebuerg wäert spillen:

Samschdes, 19. Juni 2021, Lëtzebuerg géint...

-16 Auer: Hong-Kong-Taiwan

-18 Auer: Schottland

-20 Auer: Schwäiz.

Sonndes, 20. Juni 2021, Lëtzebuerg géint...

-17 Auer: Peru

-20 Auer: Zentralamerika

Remark: D'Matcher kënnen eventuell par Rapport zu den Auerzäite changéieren. Sollt et de Fall sinn, wäerte mir Iech en Courant halen!

Di 5 Matcher wäerte mir op eisem Youtube-Channel zesumme mat Iech kommentéieren an eis ukucken! Zu all Match wäerte mir Iech dann ëmmer de Livestream op eisem Discord, souwéi Facebook Site presentéieren! Ob ee gudde World Cup!"

Gestreamed ginn d'Matcher vun de Lëtzebuerger alleguerten hei um Youtube-Channel vun Team Lëtzebuerg!

Ganzer 12 Lëtzebuerger a Lëtzebuergerinne wäerten de Grand-Duché de Weekend representéieren. Déi couragéiert Fuerer a Fuererinne stelle mer Iech hei a Form vu Biller nach eng Kéier kuerz vir:

RTL

© Black Star

RTL

© Black Star

RTL

© Black Star

RTL

© Black Star

RTL

© Black Star

RTL

© Black Star

RTL

© Black Star

RTL

© Black Star

RTL

© Black Star

RTL

© Black Star

RTL

© Black Star

RTL

© Black Star