"Nine Tiles" ass e Spill vum Lëtzebuerger Jean-Claude Pellin, dat am Joer 2015 bei "Oink Games" erauskomm ass, also ee vun de gréisste Spillverläg a Japan.

Bei "Nine Tiles" handelt et sech ëm e Schnellegkeets- a Reaktiounsspill, wou et drëms geet, eng Aufgabe-Kaart sou séier wéi méiglech nozebauen. Den Twist beim Spill ass, dass een a sech 6 verschidde Symboler huet, déi awer souwuel op der viischter, wéi och op der hënneschter Säit vu Käertercher sinn. Dëst mécht et natierlech méi komplizéiert, fir déi 9 Käertercher an dat richtegt Raster ze leeën. Dat alleréischt Spill vum Jean-Claude Pellin ass bei engem klenge belsche Verlag erauskomm. 2015 du koum eng weider Iddi fir en 2. Spill, an och dat wollt hien du mam belsche Verlag erausbréngen. Et war dat Joer op der Spielemesse zu Essen, wou hien awer och e puer Feedbacke wollt kréie fir seng nei Kreatioun. Majo virun allem Oink Games schéngt hei séier Interessi um Spill vum Lëtzebuerger entwéckelt ze hunn, sou de Jean-Claude Pellin: "E Mount dono hat ech a menger Email-Box e Vertrag vum japanesche Verlag, dass se d’Spill wéilte maachen. Do sinn ech zeréckgaangen bei de belsche Verlag Azao Games an do hunn ech hinne gesot: 'hei lauschter, ech hunn elo hei e klengen Hick dran, well si wëllen dat Spill och gäre maachen, wéi solle mer lo do virgoen?'. Dunn huet hie gesot 'hei nee, da gëff hinnen d’Rechter fir Japan, dat ass ganz ok fir mech, dat eben a japanescher an englescher Sprooch'. An do si mer dann sou verbliwwen, dass ech am Fong geholl déi reschtlech Rechter dem belsche Verlag ginn hunn. Ab dunn huet d’Spill a Japan och ganz gutt funktionéiert. Si stinn dohannen op Schnellegkeetsspiller, op Saachen, wou ee séier eppes léise muss."

De Spillauteur Jean-Claude Pellin
RTL

Dunn ass et relativ séier gaangen an den Erfolleg a Japan huet net laang op sech waarde gelooss… Relativ séier gouf och eng 2. Versioun entwéckelt, nämlech eng Hello Kitty-Versioun. Dono koum dunn nach eng Mumins-Versioun, eng Versioun aus Holz-Plättecher a schlussendlech nach eng Pokémon-Versioun. Eng Erweiderung gouf et och schonn a Form vun "Nine Tiles Panic" an am Moment gëtt och un enger Weiderféierung vum Spill scho geschafft, hei soll d’Spill "Nine Tiles Square" heeschen. D’Verkafszuele loosse sech méi wéi weisen: d’Spill gouf eleng a Japan bis ewell knapp iwwer eng hallef Millioun mol verkaf. D’Spill gouf dann nach eemol spéider säitens dem belsche Verlag un e südkoreanesche Verlag verkaaft, an hei heescht d’Spill iwwregens Cookie-Box.

Bei sou impressionante Verkafszuelen ass natierlech d’Fro, op een als Spilldesigner dovunner liewe kann? De Jean-Claude Pellin: "Wat heescht dovunner liewen…Et muss een ëmmer wëssen, et kritt een Auteursrechter, dat ass wéi wann der e Buch erausbréngt. Ech kenne lo d’Welt vun de Bicher manner gutt, mä dat ass ëmmer just e ganz klengen Deel vum Kuch. An ech soen ëmmer, bei mir ass et awer als Spill-Auteur ëmmer nach en Deel Hobby bliwwen. Fir mech ass et och wichteg fir kreativ ze bleiwen, dass ee lo seet, dat do ass net dat, vu wat ech lo liewen. Also dat heescht, dat ass lo fir mech keng Mussesaach an et ass keen Drock dohannert. Dofir ass et fir kreativ ze bleiwen méi einfach."

De Spillauteur Jean-Claude Pellin
RTL

Eng 15 Spiller huet de Jean-Claude Pellin bis ewell erausbruecht, dat virun allem am Familljen- a Kannerberäich. Majo elo steet awer den nächste Schratt virun der Dier, nämlech deen an déi digital Welt! De 16. Mäerz wäert dem Lëtzebuerger säi Spill nämlech op der Let's Play! Oink Games  App erauskommen, dat fir Android, iOS, Steam an souguer fir d’Nintendo Switch.  D’App selwer ass gratis, an hei ass och schonn Deep Sea Adventure,  e Spill vun Oink Games drop, dat een och gratis spille kann. Spéider kann een sech dann Nine Tiles an och aner Spiller fir wéineg Geld dobäi kafen.