Net all Dag an der Woch ass ideal. Ee ganz bestëmmten soll awer dee richtege sinn an d'Chancen op déi nei Aarbecht erhéijen.

21/11/2019 Dee beschten Dag fir e Virstellungsgespréich

Dir hutt eng Demande gemaach a gitt an e Virstellungsgespréich geruff? Da steet dem Dram-Job net méi vill am Wee. Et sief dann, Der géingt de falschen Dag erwëschen... Wann Der déi grouss Chance hutt, den Dag selwer kënnen eraus ze sichen, gëllt d'Reegel: sicht Iech net deen eraus, deen Iech am Beschte geet, mä gitt taktesch vir. E soll der Persoun passen, bei där Der d'Virstellungsgespréich hutt. Hir Laun an hir Konzentratioun solle gutt sinn wann Der virun hir sëtzt, an och Dir sollt kënnen iwwerzeegen.

Zäiten, déi een Experten an deem Domaine no, onbedéngt vermeide soll, sinn:
- moies fréi
- wann den Aarbechtsdag scho bal gelaf ass
- kuerz virum oder kuerz nom Mëttegiessen
- Méindes a Freides
- den Dag virun oder den Dag no engem Congé

De Wochendag ass och net egal: De Rendez-vous fir Äert Virstellungsgespréich fält idealerweis op en Dënschdeg, Mëttwoch oder Donneschdeg. Et ka sinn, dass och nach aner Job-Kandidate sech virstelle kommen, a wie sech am Zäitplang vum potentielle Chef éischter virgestallt huet, bleift wéi et schéngt och éischter an Erënnerung. Fuerscher ginn esouguer esou wäit a soen: den idealen Zäitpunkt fir d'Virstellungsgespréich ass Dënschdes moies. An eng Auerzäit gi se och nach: d'Gespréich soll moies tëscht hallwer 10 an 11 Auer sinn.

© Pixabay