3 Mol am Joer organiséiert RTL an Zesummenaarbecht mat der adem en Jobdag wou mer op enger grousser Jobfoire d'Patronen an d'Leit déi op der Sich sinn, beieneen bréngen. Se kënnen sech austauschen a beschtefalls sëtzen déi zwou Parteien duerno hir Ënnerschrëft ënner en Aarbechtskontrakt. Haut ass dat dann och nees de Fall. Eng 3.000 fräi Plazen fann der op jobdag.lu an e puer Plazen wëlle mer Stonn fir Stonn nees ervirsträichen.

22/06/2020 Jobdag - 07:20