Enn August waren 14.150 Leit op der Sich no enger fester Schaff, an op där anerer Säit hu mir de Moment op jobdag.lu 4711 fräi Platzen gemellt kritt. Muer ass RTL Jobdag gekoppelt mat engem Léierplazendag wou dir méi wéi 80 Patronen selwer kenneléiere kënnt. Vun 08h00 bis 18h00 wäerten si an der City Concorde alles versichen fir hier fräi Posten mat deene Beschten ze besetzen. Zanter e Méindeg hu mir hei um Radio an op rtl.lu awer och Leit kennegeléiert déi de Moment ouni Aarbecht sinn, an déi sech iwwer en neie Chef an eng fest Plaz freeë géifen.

28-09-2022 RTL-Jobdag: Dës 3 si prett fir en neien Challenge RADIOversioun

Wéi eng Patronen muer um Jobdag an der City Concorde sinn fann der elo schonn op jobdag.lu. Do gesi der och d'Patronen déi all Stonn hier Plazen hei um Radio virstellen. En Abléck an déi fräi Plazen kënnt der Iech och elo schonn op jobdag.lu verschafen, an dat Secteur fir Secteur opgedeelt oder dem Alphabet no, wou a wéi engen Uertschaften et fräi Plazen gëtt.