Haut ass e wichtegen Dag fir 14.150 Leit. Souvill waren der nämlech Enn August op der Sich no enger Schaff well se keng Plaz méi, oder iwwerhat nach ni eng Plaz haaten. Zesummen mat der Adem versicht RTL haut alles drun ze setzen fir e flotten Job, e neien Patron an eng geséchert Pai ze kréien, an dofir gëtt et an eisem Jobzenter an der City Concorde och Fréibiren. Do ass schonn Luucht, an do sinn och schonn déi éischt 2 Patronen prett fir Leit z'engagéieren.

29/09/2022 Jobdag 6.10

Um Tel. 1381 kënn der elo schonn uruffen fir mat den CFL an CIMALUX ze schwätzen a vläicht schonn d'Pai ze verhandelen.

RTL

An no 07h00 sicht d'Lëtzebuerger Arméi fräiwëlleg Zaldoten déi tëscht 18 an 26 Joer hunn, an de CGDIS brauch e Coordinateur fir d‘Konstruktiounsprojeten mat Spezialisatioun am Génie technique, en Technicien en bâtiments och mat Spezialisatioun am Génie technique, ee Mechatroniker/Mecanicien an e Magasinier automobil. Détailer no 07h00 hei um Radio.