d'Manhunter sinn haut um RTL Jobdag, an se siche Leit an alle Beräicher. An der City Concorde sollt ee sech duerfir tëscht de Moien 8 an den Owend 18h00 ophalen wann een op der Sich no enger fräier Platz ass fir aus dem Chômage eraus ze kommen, oder firwat net och fir sech ze verbesseren an e neien Defi sicht.
Méi wéi 80 Stänn waarden haut op Iech, egal op der Project Manager, Daachdecker, Kach oder Schräiner, Aide-Soignant oder diploméierten Optiker sidd

29/09/2022 Jobdag 7.10
RTL

Op jobdag.lu fann der de Moment och op 4.700 fräi Plazen déi mer gemellt kruten, an do kënnt der sichen nom Job deen der wëllt, oder och den Uertschaften no, déi Iech am Ëmkrees vun ärem Doheem interesséieren. 

No hallwer 9 gëtt et hei um Radio méi technesch. Da siche mer en Analyst am Back Middle Office, General Banking and Fundaccountants, an en experimentéierten Compliance Senior Manager-Direkter.

An mir kréien och Prezisiounen zu de Léierberuffer, well ee sech do lo sou lues beganne muss.