All Stonn maache mer haut en Ofstiecher an eisen RTL Jobcenter deen um 08h00 offiziell seng Dieren opgemaach huet. Et ass en Jobdag gekoppelt mat engem Léierplazendag, an all wichteg Informatiounen gëtt et och op jobdag.lu mat den Detailer wéi eng Betriber haut do ze fanne sinn, a wéi eng Ënnerstëtzung se fir hir Firma sichen.
Vill Leit setzen bestëmmt hier Hoffnungen an dësen Dag, fir endlech déi Plaz ze fannen déi se schonn esou laang sichen,

29/09/2022 Jobdag 8.50
RTL

No 9 siche mer en Integration Engineer, e GoLang developer, en experimentéierten IT Trainer an e Receptionist.

An gebraucht gëtt e Business Analyst Triple'A Odyssey. Wann der Iech elo ugesprach fillt, dann lauschtert kuerz no 9 oder fuert bis laanscht an der City Concorde well déi zwou Entreprisen hunn och de ganzen Dag e Stand do.