1976. Viru méi wéi 40 Joer war hei zu Lëtzebuerg nach villes anescht. Déi meescht Familljen hunn nach no engem méi traditionelle Schema fonctionnéiert, an dem de Mann d’Suen heembruecht huet an d’Fra sech em Kichen a Kanner bekëmmert huet. An der Zäit spillt och dat Buch dat mer Iech haut an eiser Lecture vun heiheem virstellen: „Prinzessin Charlotte“ vum Joseph Kayser. D’Bea Kneip huet sech mam Auteur ënnerhalen.

Fir bei der Duebelliesung vum David Wagner an dem Jan Brandt dobäizesinn, muss ee keen Entrée bezuelen, et soll een awer seng Plaze reservéieren. All néideg Informatiounen fënnt een um Site vun der Cité Bibliothéik, op www.bimu.lu

"Prinzessin Charlotte" vum Joseph Kayser ass bei den Editions Schortgen erauskomm.

RTL

De Joseph Kayser am RTL Interview