Liesowend am Manège zu Koulbich de 25. August 2018 um 19.30 Auer.

Dräi Lëtzebuerger Schrëftsteller liesen aus hire Wierker.

Nico Helminger
Den Nico Helminger (*1953) ass ee vun de bekanntste Lëtzebuerger Schrëftsteller an huet nieft dem Batty-Weber-Präis fir säi Liewenswierk och zweemol de Servais-Präis kritt. Hie schreift an däitscher a Lëtzebuerger Sprooch souwuel Theater wéi Gedichter, Romaner a Kuerzgeschichten.

Nora Wagener
D'Nora Wagener (*1989) huet zu Hildesheim kreatives Schreiben a Kulturjournalismus studéiert. Fir hir Kuerzgeschichtesammlung «Larven» (Hydre Ed.) krut si am leschte Joer de Servais-Präis. 2011 debütéiert si mat dem Roman «Menschenliebe und Vogel, schrei» (Op der Lay).

Tom Nisse
Den Tom Nisse (*1973) ass Poet, Iwwersetzer, Editeur, Journalist a Performer, a ganz staark an der Konscht- a Literaturzeen zu Bréissel, wou hien och wunnt, engagéiert. Zu Lëtzebuerg huet hien zulescht bei den Editions Phi an den Hydre Editions verëffentlecht.

Organisatioun: Syndicat d'Initiative Ell
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt!

Reservatioun ass erwënscht (limitéiert Plazen): jerome@kulturfabrik.lu (tel. 621 37 43 43)
Entrée: 15 € (Maufel abegraff)

Geliese Sproochen: lëtzebuergesch, däitsch a franséisch.
Foto © Philippe Matsas